Dieter Hildebrandt

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dieter Hildebrandt
Gebuer 23. Mee 1927
Bolesławiec
Gestuerwen 20. November 2013
München
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schauspiller, Kabarettist, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Televisiounsmoderateur, Regisseur
Partei NSDAP
Member vun PEN-Zentrum Deutschland, Bayerische Akademie der Schönen Künste

Den Dieter Hildebrandt, gebuer den 23. Mee 1927 zu Bunzlau a gestuerwen den 20. November 2013 zu München, war ee vun deenen aflossräichsten däitsche Kabarettisten.

Bekannt gouf en als Matgrënner vun der Münchner Lach- und Schießgesellschaft souwéi duerch d'Fernsehformater Notizen aus der Provinz a Scheibenwischer, déi iwwer vill Jore grouss Erfolleger waren, Auszeechnunge kruten a méi wéi eng Kéier zu politesche Kontroverse gefouert hunn. Donieft ass e bis zum Schluss als Bünekabarettist aktiv bliwwen, eleng oder zesumme mat aneren, an en huet sech och als Schauspiller a Schrëftsteller verdéngt.

Säi Markenzeeche war eng defensiv Béisheet vun der politescher Ried, en entwaffnend a scheinbar harmloost Poteren, an d'Verschleefen oder souguer Verschlécke vu Pointen déi dowéinst ëmsou méi spatz waren.

Vun 1955 bis zu hirem Doud 1985 war den Dieter Hildebrandt mat der Irene Mendler bestuet, zesummen hate si zwou Duechteren. 1992 huet hie sech eng zweet Kéier bestuet, mat senger Kabarettkollegin Renate Küster. 2013 ass hien am Alter vu 86 Joer u Kriibs gestuerwen.

Gielercher (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]