Dinorá de Carvalho

Vu Wikipedia
Dinorá de Carvalho
Gebuer 1. Juni 1905
Gestuerwen 28. Februar 1980
São Paulo
Nationalitéit Brasilien
Aktivitéit Komponist, Pianist, Musekspedagog

D'Dinorá de Carvalho gebuer den 1. Juni 1905 zu Uberaba am brasilianesche Bundesstaat Minas Gerais, a gestuerwen 1980 zu São Paulo, war eng brasilianesch Komponistin a Pianistin.

Si huet um Conservatoire vu São Paulo studéiert a krut 1921 vum Kulturministère eng Bourse, déi et hir erlaabt huet, zu Paräis weider ze studéieren. Do war si Schülerin vum Isidore Philipp. Si ass a Brasilien an an Europa als Concertspianistin opgetratt an huet beim Lamberto Baldi Kompositiounsunterricht geholl.

Zanter 1939 huet si ee Fraenorchester zu São Paulo geleet, dee si och gegrënnt hat, den Orquestra Feminina de São Paulo.

Si huet eng 400 Wierker komponéiert, dorënner véier Pianosconcerten, Orchester- a Pianosstécker, Baletter a Bünemuseken, eng Psalmvertounung, Chouergesank a Lidder.

Am Theatro São Pedro am westlechen Deel vu Sao Paulo ass e Sall no hir genannt, de Sala Dinorá de Carvalho.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Missa de Profundis fir véier Solostëmmen, Chouer, Orchester a Perkussioun
  • Procissão de Cinzas em Pernambuco fir Chouer
  • Contrastes fir Piano an Orchester
  • Ó Que Noite Bonita fir Piano

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Flávio Cardoso de Carvalho: Canções de Dinorá de Carvalho: uma análise interpretativa, 1996, E. Unicamp, Campinas, Brasilien, 186 Säiten, mat engem CD-Rom.