Discogs

Vu Wikipedia
Logo vun Discogs

Discogs ass eng Datebank an eng Websäit mat Informatiounen iwwer musekalesch Opnamen. Si huet hire Sëtz zu Portland am Bundesstaat Oregon an den USA an ass am November 2000 online gaangen.

Den Numm kënnt vum englesche Wuert discographies. An der Datebank fënnt een Informatiounen iwwer musikalesch Opnamen, dorënner net nëmmen déi kommerzialiséiert Opnamen, mee och Wierker, déi fir promotionell Zwecker verëffentlecht goufen an net-autoriséiert Opnamen ("Bootlegs").

De Contenu vun der Websäit gëtt vun de Benotzer selwer eropgelueden, wéi bei der Wikipedia.

Obwuel d'Säit ursprénglech op elektronesch Musek spezialiséiert war fënnt een haut op Discogs Opnamen an alle Genren an an alle Formater.

Zënter 2005 gëtt et op der Websäit e "Marketplace" (eng Maartplaz) iwwer déi d'Benotzer Vinylsplacken, CDen, Kassetten, asw., kafen a verkafe kënnen.

Discogs gëllt als eng vun de gréisste musikaleschen Datebanke um Internet. Am August 2023 goufen et an der Discogs-Datebank iwwer 16,6 Milliounen Opnamen, iwwer 8,7 Millioune Kënschtler an iwwer zwou Millioune Plackelabelen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]