Diskussioun:Éilerenger Wäschbuer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den Ufank vun dësem Artikel gouf am Laf vum Schouljoer 2008/2009 am Reliounsunterrecht vun 3es-Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch fir d'lb.Wiki virbereet.

Kéinte mer nach erkläert kréien, wou den Numm hirkënnt? Ass vläicht e richtege Wäschbur do? --Cornischong 09:40, 9. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Wann den Atlier am ZARE ass deemno an enger moderner Industriezon, déi op enger aler Friche vun der Arbed opgeriicht gouf, steet doutsecher kee Wäschbur do. Les Meloures 11:07, 9. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]
"Wann den Atlier am ZARE ass deemno an enger moderner Industriezon, déi op enger aler Friche vun der Arbed opgeriicht gouf, steet doutsecher kee Wäschbur do.": Deemno (!!!!) Dat ass awer eng genial Änwert! Wann e Mënsch dat liest, da geet e bestëmmt an de verlinkten Artikel ZARE kucken. An do kann en da liesen: "ZARE ass en Interkommunale Syndikat fir Grënnung, d'Ariichten, d'Fërderen an d'Ausnotze vun enger Zone d'Activités économiques à caractère Régional à Ehlerange" Natierlech steet am Artikel och d'Telefonsnummer vun dem Syndikat. (!!!) Vun enger moderner Industriezon geet do mat kenger Silb Rieds. A vun "enger" Friche natierlech och net. A vun der Arbed natierlech och net. Dee gaschtege Kommentar vun engem, deen am ZARE-Artikel matgewurschtelt huet, war also mindestens iwwerflësseg, mengt de --Cornischong 13:01, 9. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]
Wat mengs de da wat den ZARE mécht. Fuer einfach de Schëlter no da geséis de wat et ass. Do steet op dem Terrain kee Syndikat do stinn e lauter Halen a grouss Gebaier. An et stet doutsécher kee Wäschbur do.
Hues de elo e puer Wochen ausgespaant, fir d'Mataarbechter erëm mat topege Froen a Bemierkungen op de Kéis ze goen.
Fir wat hälls de einfach déi Verspriechen net ?
Les Meloures 13:19, 9. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]