Diskussioun:A Crooked Line. From Cultural History to the History of Society

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den Geoff Eley selwer seet iwwert dëst Buch, dass et probéiert historesch Debatten, politesch Verännerungen an gesellschaftlech Prozesser op hiren Afloss op di eenzel Leit ze ënnersichen, di an des Prozesser verwéckelt sinn.

Ech menge mer sollten hei net an éischter Linn opféieren wat hie selwer mengt, mä mol fir d'éischt soe wat een am Buch gewuer gëtt. --Les Meloures (Diskussioun) 20:32, 13. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Wat ass dann den Problem, dat doten hunn ech dach geännert?

Moien,
Ass déi Informatioun déi an der Schabloun stett net däitlech genuch. --Les Meloures (Diskussioun) 11:56, 15. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Ech well wierklech net den Dommen spillen, mä et deet mir Leed, nee. An do stinn e puer Saachen: Do steet vun Schreiffeeler (Ech hunn den Artikel duerch den Spellchecker lafen gelooss), vum Stil an vum Inhalt. Dofir froen ech no ;)


Remoien
De Spellchecker hëlleft vläicht e bësselchen ass awer net d'Patentléisung. Am grousse Ganzen ass och den Opbau vun der Beschreiwung vum Buch net grad ideal. U sech ass et z.B. zimmlech egal wat den Auteur selwer derzou seet. Et wier mol éischter ze beschreiwen wateree Buch et ass (z.B. Roman, Kannerbuch etc) a wat d'Buch selwer ausseet, water Kritiken et krut, an dann zum Schluus eventuell dat wat den Auteur sewer derzou mengt an dann um Wutz water Präisser et krut.
Ech ginn elo mol d'Schreiffeeler eraushuelen da kënnt der gesinn wat de Spellchecker kann a wat net. --Les Meloures (Diskussioun) 15:31, 15. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Ok, sorry. Ech kucken dann, dass ech en an den nächsten Deeg iwwerschaffen