Diskussioun:Alexis de Tocqueville

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ass den Tocqueville réischt 1935 bestuet ginn? Wa jo, da wousst e sécher net méi ob e selwer nach kathoulesch oder schonn Agnostiker war, an da war et och egal, ob seng Fra sech eventuell zum Katholizismus bekéiert hat oder net. Zum leschte Punkt wier jiddefalls eng Referenz néideg, well ech hunn näischt an deem Sënn fonnt.- C.

Wann hei geäntwert gouf da kriss de och eng Äntwert hei. -- k. J-C.

Zum Ch. de Gaulle hunn ech mäi gudde Wëlle bewisen, gouf awer a mengem Äifer komplett gestoppt. Déi, déi ëmmer nees iwwerstiirzt an de Work in progress intervenéieren, trotz EnCours-Warnung (a sot mer net, datt et net stëmmt, well et stëmmt definitif, sidd mol éierlech!), sollen de Boulot selwer fäerdeg maachen. Ech maache keng "Artikele" fir mech, mee fir déi, déi et eventuell op Lëtzebuergesch intresséiert.

Lo zum Tocqueville senger Fra: si "schéngt" um Dag vun hirem Bestiednis kathoulesch gewiescht ze sinn, seet hei een, deen dat "schéngt" ze wëssen. OK, mee wann ech esou eppes schreiwen, da fällt den üblechen Oberzensor iwwer mech hier, mécht de Geck mat mer, nennt mech "Vandal" a späert mech fir eng länger Period.

Deemno: vill Courage beim kreativen Ëmgank mat der lb.wikipedia!

Ee schéinen Dag nach! - C.

Ech ginn éischter dervun aus, datts de keng Äntwert op eng einfach Fro hues, an dann hei vill schreifs fir näischt brauchen ze soen. --81.244.9.190 10:21, 19. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]

Da gitt dervun aus: "Wie mengt, dee weess näischt." - Enn vun der "Diskussioun".

Nee Meeschter, et ass deen dee Kabes am Artikel schreift an da keng Äntwert huet, deen näischt weess. --81.244.9.190 19:07, 19. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]