Diskussioun:Alt.letzebuerger

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech wollt emol ganz einfach den Sënn vun dëser Säit an enger Encyklopedie nofroen ? Emmerhin ass daat heiten kee Reklammenportal.

Briséis 11:14, 6 Aug 2004 (UTC)

haat mer dat och iwwerluecht. mee noo laangem hin an hier haat ech mer geduecht, dat alt.letzebuerger awer en Steck letzebuergesch Netzkultur ass an dat ech (korrigéier mech w.e.g. wann ech derniewt leien) fannen, dat an enger Letzeburgescher Wikipedia och en Schweierpunkt ob dei Letzebuergesch Kultur soll geluecht gin. Wann net, ech baissen dech net wanns de dSait löschs...

Ma dann iwwerzeeg déi aner alt.letzebuerger-"User" emol fir och e bessi ze schreiwen. Waat eis zb ganz fehlt bis lo ass een Computer-Fachmänni (evtl. de Schmalen ?) fir emol elementär Computer-Artikelen ze schreiwen (sou wéi waat eng jpeg ass etc.) :)

Briséis 10:10, 6 Sep 2004 (UTC)

"alt.letzebuerger ass eng vun deene gréissten (déi gréisst?) Usenet-Newsgroups déi sech reng an der lëtzebuergescher Sprooch ofwéckelt." Wann d'Definitoun e rout Wuert ass, a wann d'Bedreiwer selwer net wëssen op et déi gréisst oder eng vun deenen gréissten Déngen ass, da fänkt et u langweilen. Wéi sot den Usenet-Newsgruppler "ech baissen dech net wanns de dSait löschs..." --Cornischong 06:57, 6 Mee 2007 (UTC)

Wa mer dës Säit läschen, well se kee Sënn soll hunn, da musse mer eis konsequent bleiwen an och nach vill anerer läschen.
Ech hunn awer nach eng Fro: Am Artikel steet dass alt.letzebuerger vu Schwäizer ETH-Studente gegrënnt gi wier. Ech ka mer schlecht virstellen dass Schwäizer Studenten e Newsgroup a lëtzebuergescher Sprooch grënnen. Ass et net villméi esou dass dat Lëtzebuerger Studenten, déi op der ETH an der Schwäiz studéiert hunn, waren?

--Pecalux 08:48, 6 Mee 2007 (UTC)

Nach ëmmer do?[Quelltext änneren]

Gëtt et alt.letzebuerger nach? --Bdx (Diskussioun) 12:22, 16. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]