Diskussioun:Aminosaier

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

firwaat sollen d'Aminosaieren éischter an eng Kategorie Genetik ewéi an d'Kat Biochimie gehéieren? --Marcus 14:07, 8 August 2005 (UTC)


Maachen se jo net, wanns du genau kucks stinn se ënnert Biochimie. Den Artikel Aminosaier hunn ech ënnert Aminosaieren gesaat well et der jo méi ginn an Aminosaieren stinn ënnert Biochimie --Alexandra 15:18, 8 August 2005 (UTC)

Funktioun vun den AS[Quelltext änneren]

et steet jo wuel ausser Fro datt d'Aminosaieren wichteg an divers Funktiounen hun, mä ech sinn net grad d'accord matt der Manéier ewéi daat hei duergestallt gett, esou Opleschtungen fannen ech awer ëmmer onwëssenschaftlech, waat heescht z.B. datt Histidin eng Funktioun am Wuesstum huet (gett e méi grouss wann en es méi esst, oder bleiwt en kleng bei manner); bestinn d'Muskelproteine just aus 5 AS (E,I,L,P,V). En plus bezitt daathei sech jo secher just op de Mensch. Ech mengen et wär dofir besser des Funktiounen eréischt am zukünftegen Artikel vun der jeweileger AS méi genau ze beschreiwen (si kennt jo meeschtens dohier datt eng AS heefeg oder wichteg an enger Protein fir des Funktiounen ass), du schengs jo do interessant Quellen ze hun. An des Tabell wollt ech souwisou nach aner Donnéen setzen wéi Formel oder molekular Mass -Marcus 06:44, 9 August 2005 (UTC)


Et steet jo jiddferengem frei ze änneren an ze schreiwen wat et mengt. Wanns du der Meenung bass, dass dat net duergeet oder zevill ass wat ech geschriwwen hunn, da kanns du et jo nees änneren. Am Fall wous du dann wëlles hues den Artikel aleng ze schreiwen, da kanns du villeicht di nexte Kéier en EnCours drasetzen, da mëchen ech mech net an. --Alexandra 10:30, 9 August 2005 (UTC)



 

Portal oder dach léiwer een?[Quelltext änneren]

Kann et sinn, datt ech e sarkasteschen Ënnertoun liese wou keen ass? "du schengs jo do interessant Quellen ze hun" - "gett e méi grouss wann en es méi esst". Wéi wier et iwwerhaapt mat engem Portal "Biochimie"? Da krite mer e besseren Iwwerbléck vun A-1 Apoprotein bis Zymas. Huet een e Virschlag, watfir Haaptrubrike mer sollen an dee Portal setzen? --Cornischong 07:21, 9 August 2005 (UTC)

ech well op kee Fall als sarkastesch eriwwerkommen, ech hun effektiv keng Donnéen iwwert dat. Wann e mer seet wat e Portal ass kann ech bestemmt och soen wat soll drakommen soulang et em Bio resp. Boichimie geet. Esouwäit ech verstan hun ass e Paoratl eng Aart Iwweriwwerkategorie?, an dem Fall wier et volläicht besser Biologie (sens large <=> siences de la vie) ze wielen =Marcus 07:33, 9 August 2005 (UTC)


wat e Portal ass[Quelltext änneren]

Fir sech am Gewulls erëmzefannen hu mer mol ugefaange mat "Portaler". Kuck emol op der Haaptsäit, do sinn d'Knäppercher fir se erbäizekréien. "Eis Portaler" Dat ass nach an de Kannerschung. Kuck der et mol un, an da sees de wéi s de dat gesäiss fir "Biologie" oder villäicht "Biochimie". Ech si mer och net sécher, ob mer dat sollen an een Dëppche paken. --Cornischong 07:52, 9 August 2005 (UTC)