Diskussioun:André Malraux

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

A wéi ëmmer konnt de Bëlles LES MELOURES et net loossen, fir fréizäiteg anzegräifen an engem d'Aarbecht ze verschäissen. Aarmen Idiot! D'Myriam Sunnen seet MERCI! PK

Léif Joffer oder Madame Sünnen: De Bëlles Les Meloures kann net dreemen wéini datt dir fäerdeg sidd mat schreiwen. Wann Dir net wëllt hunn, datt während deem wou Dir schreift eppes soll um Artkel geännert ginn da setzt einfach d'Schabloun {{EnCours}} iwwer den Artikel. Dat gesäit dann esou aus an et geet keen dru schaffen. --Les Meloures (Diskussioun) 08:10, 10. Jul. 2016 (UTC)[äntweren]
Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer ({{{1}}}), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

PS: A wann Dir och nach 10 Literaturpräisser kritt, da gëtt dat Iech nach laang net d'Recht aner Leit mat Bëlles an Idiot ze tituléieren. Wann dat den Niveau vun de Lëtzebuerger Literaten ass, da kann ech nëmme soen: Aarmt Lëtzebuerg. --Les Meloures (Diskussioun) 08:26, 10. Jul. 2016 (UTC)[äntweren]

De PK ass net d'Mme Sunnen! Kanns mol net liesen!

Firwat seet d'Myriam Sünnen da MERCI. --Les Meloures (Diskussioun) 10:49, 10. Jul. 2016 (UTC)[äntweren]