Diskussioun:Andrij Melnyk (Offizéier)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

schlecht nogesicht a schlecht geknäipt[Quelltext änneren]

Am Zeitungsartikel steet: In Sachsenhausen muss Melnyk sich mit dem Bruder des luxemburgischen Prinzen Félix angefreundet haben. Dat weist op eng Suppositioun hin. Hei op der Wiki steet en hat sech a gëtt sou als Tatsaach duergestallt. De Facto ass et sou datt dem Prënz Felix säi Brudder ni zu Sachsenhausen war (Cf. Säin eegene Rapport iwwer seng Verhaftung am BULLETIN TRIMESTRIEL DE LIAISON DE L’AMICALE DU CAMP DE CONCENTRATION DE DACHAU N° 756), mä um Struthof an zu Dachau. Alt erëm e Fall wou schlecht recherchéierte Journalismus op der Wiki dann och falsch ofgeschriwwe gëtt an als Tatsaach duergestallt gëtt. Muss dat wierklech sinn. --2A02:A03F:A199:6C00:182E:950C:A919:1C90 09:07, 9. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]

Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Nee, dat (falsch ofgeschriwwen) muss net sinn, kann awer emol virkommen. Amplaz hei e klengen Opstand ze maachen, hätt de Feeler ganz liicht verbessert kënne ginn. Merci awer fir mech drop higewisen ze hunn. GilPe (Diskussioun) 09:47, 9. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
Remoien, et sollt kee klengen Opstand sinn, mä an der Lescht ginn einfach zevill Saachen einfach vun Zeitungen ofgeknäipt déi schonn dacks net gestëmmt hunn. An da gëtt sech einfach dorop beruff. Tricken déi am Journalismus funktionéieren nom System Hie sot si soten fir Zeilen ze fëllen solle menger Meenung no net an Enzxklopedië gebraucht ginn. Merci fir d'Versteesdemech --2A02:A03F:A199:6C00:182E:950C:A919:1C90 10:22, 9. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]
GilPe (Diskussioun) 10:54, 9. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]

All ukrainesch Prisonéier - a warscheinlech och de Melnyk – sinn am September 1944 entlooss ginn.

Aner Zonge behaapten e wier vun do an en anert Lager verschleeft ginn. Wat stëmmt? --2A02:A03F:A199:6C00:B8B9:FF7D:B7B4:2850 20:23, 26. Nov. 2023 (UTC)[äntweren]