Diskussioun:Autorevue

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien,

Déi Zäitschrëft gouf sou wäit wéi ech wees am Ufank ënner dem Titel Luxemburger Auto-Revue publizéiert. Heescht se lo net méi esou. Mat dem Lemma Autorevue menge mer alt erëm mer wieren den Nuebel vun der Welt an et géif keng aner Zäitschrëft ginn déi sou heescht. --2A02:A03F:A199:6C00:140:22EE:C90B:6900 09:37, 1. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]

Hallo, ech verstinn d'Astellung vun esou Leit ewéi dir net. Firwat kanns du net schreiwen: "Ech fannen, datt de Lemma misst XY sinn, well xxx". Et muss een net all Kéier gehäaseg sinn :) An zu deem wats du schreifs: "Heescht se lo net méi esou." Falls dat eng Fro ass, dann: Nee, elo heescht se net méi esou, zumindest gëtt den Numm néierens am Impressium oder op der Websäit ernimmt. Wanns du mengs, de Lemma soll geännert ginn, da kanns du dat gäre maachen, ech hu kee Problem domat.--Bdx (Diskussioun) 10:13, 1. Aug. 2022 (UTC)[äntweren]