Diskussioun:Biermereng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Gemeng nennt sech op hirer Website "Boermereng", ech fannen am Josy Braun sengem Buch "Biermereng". Ech hunn nogefrot a waarden op d'Kommentaren. --Cornischong 17:18, 22 Dec 2004 (UTC)

Ma an op Syvicol stung "Bërmereng" :-) Mir sinn e komescht Land wou mol kee weess wéi engem seng Uertschaft heescht. --Briséis 17:22, 22 Dec 2004 (UTC)

D'Maus Ketty sëtzt bei hirem Lach...[Quelltext änneren]

... zu Biermereng am Feld.

Ech giff soen, dat ass den "Héichlëtzebuerger" Numm fir dat Nascht, an dofir sollte mer deen hei gebrauchen. Am Artikel selwer kann dann d'(lokal) Niewevariant ernimmt ginn, sou wi zB an deem iwwer Iechternach. Zinneke 17:28, 22 Dec 2004 (UTC)

Boermereng[Quelltext änneren]

Sou dann gin ech och mol main Pefferkär dabai:)

ech sin der Meenung dass et Boermereng ass well all di generatiounen vun menger Famill wu schon virun mier hei gewunnt hun et och sou nennen. Hei bei eis am dierfchen sin eigentlech nemmen dei wu heihin baigeplennert sin dei d'duerf Biermereng nennen.

Gemeng huet sait en puer Joer och d'scheld am agaang vum Duerf vun Biermereng op Boermereng emgeännert. an den Liesch wu d'Maus Ketti io geschriwwen huet staamt io och net vun Boermereng mee vun Munneref an huet dano an Clausen geliewt...

Do gëtt et nëmmen eng Méiglechkeet fir datt hei soll Boermereng geschriwwe ginn, dat ass datt der Äre Buergermeeschter frot, hie soll beim Ministère d'Gemeng ënner dem Numm Boermereng oder vläicht Böörmereng, schliislech gëtt dat jo och esou ausgeschwat androe loossen. Et gëtt Gemengen déi hunn dat gemaach, an deen Numm steet dann och hei esou wéi en iwwer Gesetz accordéiert gouf. All aner Diskussioun ass an dëser Saach iwwerflësseg. Les Meloures 00:51, 7. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Ganz d'accord mam Les Meloures. Am Iwrege widerhuelen ech gär, wat ech viru 5 Joer (Kanner, d'Zäit vergeet!) hei driwwer geschriwwen hunn: D'Wikipedia ass op "Héichlëtzebuergesch" geschriwwen. Dialektal Varianten hu mer, wat d'Sprooch vun den Artikele betrëfft, bis ewell keng zougelooss, well dat soss séier ingérabel géif. Dat selwecht mat den Uertschaftsnimm: Do fuere mer no (offizielle) Lëschten, wat d'Lemmatiséieren ubelaangt. Lokal Varianten, falls et déi gëtt, ginn am Artikel ernimmt (wéi och hei). Dofir: näischt géint Är Famill, an ech gleewe gär, datt si "Boermereng" seet, mee schonn eleng hei driwwer stinn, mat "Bërmereng" a "Böörmereng" nach zwou aner Varianten. Net zulescht dowéinst bleiwe mer schéi brav bei "Biermereng". --Zinneke 15:55, 7. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Biermereng <> Boermereng: offiziell Konklusioun[Quelltext änneren]

Boermereng gëtt elo offiziell als lokal Variant vu Biermereng an der Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg vum CPLL gefouert. GilPe (Diskussioun) 09:20, 14. Jun. 2020 (UTC)[äntweren]