Diskussioun:Bombardéierkiewerleken

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Kiewerléckereien[Quelltext änneren]

Firwat mer elo, wou den LOD drop an drun ass, de Buschtaf "K" an de Grapp ze huelen, d'Bombardéierkäferen op Bombardéierkiewerleken plënneren, liicht mer guer net an. Wa mer wëlles hunn, dat däitscht Wuert "Käfer" als "Kiewerlek" ze gebrauchen, da sinn ech emol gespaant, ob dat sech maache léisst. Ee Saz aus dem Himmelsdéiercher-Artikel gouf och g'ännert "D'Himmelsdéiercher (Coccinellidae) sinn eng weltwäit verbreete biologesch Famill vun de Kiewerleken (Coleoptera)". Aus dem "Wörterbuch" ass dat net erauszefilteren (!). De Klees geheit mat enger Onmass Ausdréck ëm sech fir de "Maikäfer" (Nr 66). Allerdéngs geet kloer aus dem Klees ervir, datt eng absolut Majoritéit am Ländchen dat Béischt entweder Kiewerlek oder Meedéier nennt.
Amplaz u Saache schrauwen ze goen, déi duerch näischt anescht beluecht si wéi den DLW an eventuell säin Zwilling, déit ee besser, mol ze waarden, wéi den LOD de Fouss aus deem Strack zitt, mengt de --Cornischong 23:00, 22. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


ad: Amplaz u Saache schrauwen ze goen, déi duerch näischt anescht beluecht si wéi den DLW an eventuell säin Zwilling,
Dach se sinn och duerch de Luxdico beluecht.
Vu datt se fir de Moment duerch den DLW a säin Zwilling den DFL an de Luxdico beluecht sinn, an de Käfer durch näischt wann ech dat richteg verstanen hunn froen ech mech firwat datt elo schonns erëm diskutéiert gëtt, mat Referenz op Eppes dat drop an drun ass.
Um DFL steet dat Heiten hannen drop: il se base sur la la nouvelle orthographe luxembourgeoise, telle qu'elle a été codifiée par le Règlement ministériel du 31 juillet 1999 et par différentes modifications ultérieures décidées par le Conseil permanent de la langue luxembourgeoise.

Wa jidderee sech dorunner hält dierft am Fong näischt aneschters erauskommen, ausser dee Conseil heescht permanent well e permanent seng Meenung ännert. Les Meloures 23:25, 22. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


Nach eng Fro zum Klees:
Regional gëtt d'Meedéier och nach Kuesendéier genannt. Ernimmt de Klees dat net?
Les Meloures 23:35, 22. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Léif Leit, zur Erënnerung: Et gëtt keng verpflichtend Norm fir d'Lëtzebuergescht. "Richteg" oder "Falsch" ass demno net festgeluecht, mee baséiert op engem Konsens (oder, bei gläichstaatke Varianten, och net). Dee ka méi oder manner empiresch beluecht sinn, bei eenzele Wierder z.B. duerch e Sproochatlas. Esou Erhiewunge goufen awer scho laang keng méi gemaach, dofir ginn ech emol dervunner aus, dass bei de rezenten Dictionnairen virun allem d'Sproochgefill vun hire Mécher determinant war (hoffentlech verifizéiert duerch eeler Dictionnairen).

Bei deene Béischten hei geet et drëm, op d'Uerdnung "Käferen", "Kieweren" oder "Kiewerleke" soll genannt ginn. Ech giff (och) zum "méi lëtzebuergesche" "Kiewerleken" tendéieren, woubäi mer dann eng Homonymie mam de:"Maikäifer" hätten, deen och Kiewerlek genannt gëtt/gouf (De Klees huet sech schonns 1974 beklot, kaum ee giff déi Bezeechnung nach gebrauchen).

Wéi wier et dofir mat dëser Léisung:

  • en Artikel "Kiewerleken" fir d'Coleoptèren, mat uewen der Homonymiskëscht "Fir aner Bedeitungen, kuckt "Kiewerlek" (Homonymie)"
  • en Artikel "Kiewerleken (Melolontha)" fir d'"Maikäferen"
  • en Artikel "Kiewerkek (Melolontha melolontha)" fir de gewéinleche ""Maikäfer"
  • en Artikel "Kiewerlek (Homonymie)", deen op déi 3 uewendriwwer verweist
  • e Redirekt vu "Käfer" a Kiewerlek" op "Kiewerlek (Homonymie)".
  • e Redirekt vu Maikäfer, Meedéier, asw. op "Kiewerleken (Melolontha)"?

Do misst jidderee säi Gléck fannen (feelen nach just d'Artikelen derzou, mee dat ass en Detail).--Zinneke 09:35, 23. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci Zinneke fir deng Proposen. Hei meng Viirschléi:
1. en Artikel Kiewerleken fir d'Coleoptèren, ok.
2. "Kiewerlek (Melolontha melolontha)": do geséich ech besser en Artikel Meekiewerlek (Melolontha), dat fir d'Gattung Melolontha. Den LOD gesäit dat och esou :-): Kiewerleken a Meekiewerlek.
3. e Redirekt vu "Käfer" a "Kiewerlek" op "Kiewerlek (Homonymie)": OK.
4. e Redirekt vu Maikäfer, Meedéier, asw. op "Kiewerleken (Melolontha)": besser e Redirekt op 2. hei driwwer.
Beschte Gréiss, --Cayambe (Diskussioun) 06:12, 23. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]