Diskussioun:Closdellt

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Closdellt vs. Closdelt[Quelltext änneren]

Komescherweis benotzt de Kadaster op senge Plangen de Numm "Closdellt" an deeselwechte Kadaster benotzt a sengem Registre national des adresses de Numm "Closdelt". Also schéngt déi Referenz net vill ze daachen.

An der Nomenclature des localités du Grand-Duché de Luxembourg, déi am Annuaire officiel d'administration et de législation ze gesinn ass, gëtt de Numm "Closdelt" gebraucht. --Pecalux (Diskussioun) 06:28, 3. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien, ech hat mech mol op d'Sichkëscht am Geoportal verloss, well déi no an no aktualiséiert gouf. Den duebelen l ass eigentlech och logesch wann och Dellt eigentlech Dällt misst geschriwwe ginn. Soulaang wéi de Kadaster sech nach net eens ass, proposéieren ech déi Form bäizebehalen déi der Stackform am noosten ass, an dat wier den duebelen l. Et entsprécht och der Betounung. --Les Meloures (Diskussioun) 06:49, 3. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]
Remoien, ech hunn dem Kadaster elo mol d'Fro gestallt, watereng Schreifweis datt si als déi betruechten déi definitiv soll gebraucht ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 07:03, 3. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]

D'Entwécklung vum Numm beim Kadaster[Quelltext änneren]

  • 1907: Klosdelt
  • 1927: Klosdelt
  • 1954- 2000: Closdelt
  • 2000 ännert den Numm op der 20dausender Kaart op Closdellt.

--Les Meloures (Diskussioun) 07:18, 3. Abr. 2014 (UTC)[äntweren]