Diskussioun:Corne du Bois des Pendus

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut! "Corne" steet fir eng "Spëtz", d.h., am heite Fall, fir een Deel vun engem Bësch, dee wéi eng Spëtz ausgesäit. Am Jean-Jacques JESPERS sengem Dictionnaire des noms de lieux en Wallonie et à Bruxelles (éd. RACINE, Bréissel, 2005, S. 208) steet: <<terrain qui s'engage en pointe (...) dans un bois servant de lieu d'exécution des peines capitales>>. 't huet deemno näischt direkt mat enger eventueller Héicht ze dinn... "Cwane", op Wallounesch, heescht <<corne>>, <<coin>>, <<angle>> oder <<pan>>, also Har, Eck, Wénkel oder Wutz (Zipfel). Gutt Nuecht, ReDi


Ma villmools Merci fir d'Informatioun.
Den Terrain gesäit op där Plaz just net aus ewéi eng Spëtz vun engem Bësch, an huet no der Ferrariskaart och fréier net esou ausgesinn.
Mat enger Héicht vu 470 am Bësch ass et schonn eng vun den héchste Plazen an der Géigend.
Deeselwechte JESPERS schreift op enger anerer Plaz an dem selwechte Buch (Wall. cwèrn, franç. corne lat. cornus du germ. *horn <<montaigne pointue>>.
Soll e sech do verschriwwen hunn?? freet sech de ReBe.
Fir bei den auslännesche Wierder ze bleiwen. Eng feuillée huet näischt mat engem Bliederbësch wat ëmmer dat och soll sinn, ze dinn. Eng feuillée ass eng Schauteng aus de sougenannte Blieder, oder e Koup frësch geschnidde Blieder.
Deen hei am Artikel sougenannte Bliederbësch gëtt et als Ausdrock am Lëtzebuergeschen net. An all Bësch sti Beem mat Blieder. Ech hunn nach keen anere Bësch gesinn. Just d'Form vun de Blieder ass verschidden. Déi eng si schmuel, kanteg a méi oder wéineger spatz a pickeg, da schwätzt ee vun Nolen, d'Beem ginn Nolebeem genannt. Déi aner si grouss a flaach a gi Laf genannt. D'Beem heeschen deemno och Lafbeem, an de Bësch ass e Lafbësch. De Lafbësch heescht am franséische forêt de feuillus oder kuerz feuillus.

Salut!

Bei de Considératiounen iwwer d'Blieder vun de Beem muss ech passen. Fir mech koum "feuillée" nach ëmmer vu "folia" a stoung fir ee Bësch wou keng "Nadelbäume" stinn..., mee ebe Beem mat (richtege) Blieder. 't gëtt iwwregens konkret Beispiller genuch, souwuel a Frankräich ewéi an der Belsch.

Cela étant dit, "cwane" a "cwèrn" sinn 2 Wierder, déi net absolut identesch sinn.

Wann elo de Flouernumm "Corne du Bois des Pendus" tatsächlech mat enger Héicht ze dinn huet - wat fir eng Exekutiounsplaz zimmlech evident ass - , da muss een sech d'Fro stellen, wéi d'Plaz URSPÉNGLECH geheescht huet. "Corne..." ass vläicht eng schappech Iwwersetzung vun engem Flouernumm, deen et laang nëmmen an enger "däitsch"-lëtzebuergescher Form gouf. Mer si jo hei tëscht Martel an Atert, also net an der eegentlecher Wallonie...

A wat de Jespers (Jurist & a Mediemënsch/Journalist) ubelaangt, do kann een zwar frou sinn, datt et säi Buch gëtt, mee et ass effektiv net perfekt. 't sti souguer knallhaart Contradictiounen dran. D'Toponymie - besser: d'Onosmatik - ass eng delikat Saach, an ech kenne KEE Buch an deem Beräich, dat 100%-eg zefriddestellend wier. Domadde muss een ebe liewen!

Äddi, ReDi

Gudde Moien,

D'Corne du bois des Pendus schéngt en zimmlech rezenten Numm ze sinn. All d'Nimm vun de Bëscher ronderëm hu lëtzebuergesch Nimm wéi Bambësch, Härebësch, Gouldflass, Weischtebësch, Déimpelbruch, a Pässerfréin.

De Ferraris gëtt iwwerhaapt keng Bëschnimm do un. Awer op senger Kaart ass eng Klaus agezeechent mam Numm Ermitage Thomas, net wäit vun enger Baach déi e Rulle nennt, wat d'Kleng Rouer misst sinn. D'ongeféier Koordinate vun där Plaz sinn: 49° 46’ 53’’ N 05° 41’ 40’’ O. Vläicht wees een eppes méi doriwwer. -- ReBe