Corne du Bois des Pendus

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat dem belsche Lieu-dit Corne du Bois des Pendus. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Corne du Bois des Pendus (Homonymie).

Corne du Bois des Pendus ass e Lieu-dit am Areler Land op der Grenz tëscht de Gemengen Atert a Maarteleng.

Corne, op Wallounesch Cwane, ass e Flouernumm fir eng Plaz déi ervirsteet. Den Numm Bois des Pendus geet zeréck op den Drëssegjärege Krich. Am Februar 1636 hu kroatesch, ungaresch a polnesch Sëldnertruppen op där Plaz iwwer 100 Leit aus den Dierfer vun der Ëmgéigend, an haaptsächlech vun Elchert opgehaangen.[1]

An der Réimerzäit war op där Plaz déi éischt Raschtstatioun um Kiem dee vun Arel op Tongeren gefouert huet. Eng puer honnert Meter dovun, an Direktioun Marteleng, goufen op der Folie d'Reschter vun enger réimescher Villa fonnt, déi grad wéi déi vu Giewel mat engem ënnerierdeschen Heizungssystem, engem Hypokaust ekipéiert war.[2],[3]

D'Corne du bois des Pendus läit op der nërdlecher Grenz vum Parc naturel de la vallée de l'Attert, op enger Héicht vu ronn 460 Meter an ass op der Nationale 4, déi do zu der Voie de la Liberté gehéiert, mat Schëlter gezeechent, an zwar op der Sortie fir op Habay-la-Neuve a Parette, um Kilometerpunkt 169.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Demuth Joseph, Der Massenmord << um Këppwal >>: woher der Ortsname << Corne du Bois des Pendus >> wohl stammen mag; in: Télécran, Jg. 12 (1989), Nr. 30, Ss. 22-23 (ill.).
Uertschaften an der Gemeng Atert

Sektiounen: AtertDiddebuergGehaanselchertNoutemTontel
Uertschaften a Lieu-diten: Almeroth · Beierchen · Corne du Bois des Pendus · Faascht · Grendel · Heeschtert · Leschert · Luschert · Luxeroth · Metzert · Parrt · Pass · Roudenhaff · Schuedeck · Schakeler

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Lëtzebuerger Bauerenhaus Band I Säit 102
  2. Balter Victor, — L'hypocauste de la Corne du Bois des Pendus. X, 844. In: Revue belge de philologie et d'histoire
  3. Balter Victor, — La villa romaine de la Corne du Bois des Pendus. X, 1284. In: Revue belge de philologie et d'histoire