Op den Inhalt sprangen

Nobressart

Vu Wikipedia
Nobressart
lb: Gehaanselchert oder Elchert
Renovéierten Haff zu Nobressart
Aussprooch
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Gemeng Atert
Koordinaten 49° 44’ 23’’ N
      05° 43’ 04’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6717
Vue an d'Duerf

Nobressart, op Lëtzebuergesch Gehaanselchert oder Elchert [1], ass eng Uertschaft an der Provënz Lëtzebuerg an der Belsch a läit an der Gemeng Atert.

Nobressart läit am Südoste vun der Provënz Lëtzebuerg, am Areler Land. Nërdlech vun der Uertschaft läit den Habicher Wald, de gréissten zesummenhängende Bëschmassiv an der Belsch.

An der Géigend vun Nobressart goufe Reschter vun enger Villa, vun engem gallo-réimesche Kierfecht a vun vun enger Glasbléiserie aus den Héije Mëttelalter fonnt. D'Uertschaft déi net wäit vum Kiem Arel-Tongeren ewech läit huet sech ongeféier am 13. Joerhonnert op där Plaz entwéckelt. Deemools huet se Helkerot geheescht. D'Endung sart am Numm weist drop hin datt déi Plaz wou d'Uertschaft ass, défrichéiert gouf, fir Akerland ze kréien. 1619 goufen am Duerf 41 Famille gezielt. Kuerz duerno, no der Peschtepidemie, hunn nach just 10 Leit do gewunnt. En Opschwonk koum nees am 18. Joerhonnert an d'Uertschaft huet um Enn vun deem Joerhonnert scho bal sou ausgesinn, wéi haut. Déi meescht Awunner waren Aarbechter aus de Géissereien a Pabeiermille vum Pont d'Oye. Ëm déi Zäit goufen och d'Kierch, d'Schoul an d'Paschtoueschhaus gebaut.

Nodressart läit an enger Transitzon tëscht den Ardennen an dem belsche Loutrengen. Den Ënnergrond besteet aus Ardennerschifer an d'Haiser gläichen och den Ardennerhaiser awer d'Aart a Weis wéi se zesummegebaut sinn ass charakteristesch fir Loutrengen. Zu där Charakteristik gehéiert och datt d'Haiser net direkt widder der Strooss gebaut goufen, mä an engem méi oder wéineger groussen Ofstand dervun. D'Majoritéit vun den Haiser an Häff ass representativ fir de ländleche Patrimoine vum Areler Land. D'Häff kënnen an dräi Kategorien agedeelt ginn: kleng zweezelleg Gebaier (Wunnhaus a Stall), mëttelgrouss dräizelleg (Wunn, Stall a Scheier) an déi grouss véierzelleg (Wunnhaus, Stall, Scheier, an eng Bergerie oder en zweete Stall). Ee vun de schéinsten Häff ass de Jeantyshaff, deen haut fir kulturell Zwecker benotzt gëtt.

Nobressart war bis zur belscher Gemengereform vun 1977 eng eegestänneg Gemeng an ass zanter 1995 Member am Veräin Les plus beaux villages de Wallonie.

Commons: Nobressart – Biller, Videoen oder Audiodateien
Uertschaften an der Gemeng Atert

Sektiounen: AtertDiddebuergGehaanselchertNoutemTontel
Uertschaften a Lieu-diten: Almeroth · Beierchen · Corne du Bois des Pendus · Faascht · Grendel · Heeschtert · Leschert · Luschert · Luxeroth · Metzert · Parrt · Pass · Roudenhaff · Schuedeck · Schakeler

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Elchert, 1637: E Gedicht vum Néckel Bach iwwer d'Gräischlechkeete bei Elchert op der Corne du Bois des Pendus