Torgny

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Torgny
Torgny vum Fort vu Velosnes aus gesinn
Torgny vum Fort vu Velosnes aus gesinn
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Flag of Wallonia.svg Franséisch Communautéit
Provënz Flag of the Province of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Arrondissement Virton
Gemeng Flag of Rouvroy.svg Rouvroy
Koordinaten 49° 30’ 29’’ N
     05° 28’ 26’’ O
Bevëlkerung  200 (20061)
D'Ferme rose zu Torgny
D'Wéngerte vun Torgny

Torgny an der belscher Provënz Lëtzebuerg ass dat südlechst Duerf vun der Belsch an och déi Uertschaft déi am wäitste vun der belscher Haaptstad ewech läit. Et ass Member vun der Associatioun vun de schéinsten Dierfer a Wallounien. Zu Torgny mécht d'Kuer (Chiers) schonn zanter 1659 d'Grenz tëscht der Belsch a Frankräich.

D'Uertschaft huet eng Fläch vu 574 ha déi bal komplett landwirtschaftlech exploitéiert ginn. Wéinst dem waarme Mikroklima ëm Torgny kënnen do och Wäiriewe gezillt ginn.

Torgny läit am Südwesthank vun enger Kopp déi hir héchste Plaz op 330 m um Lieu-dit Le Hornul am Bësch mam Numm Bois Géline huet.

Um Südrand vum Bësch, steet eng Kapell déi der Muttergottes vu Lëtzebuerg geweit ass. Dës Kapell gouf am Ufank vum 17. Joerhonnert opgeriicht, well d'Awunner vun Torgny, déi déi Zäit staark ënner der Pescht gelidden haten, versprach haten eng Kapell ze bauen, wann d'Epidemie géif noloossen. Et geet och all Joer, wéi deemools versprach, eng Prëssioun bei d'Kappell.

Direkt nieft der Kapell ass d'Réserve naturelle Raymond Mayné, an enger aler Steekaul. Dëst Naturschutzgebitt ass ronn 5 ha grouss an et fënnt en do déi typesch Flora a Fauna vun de waarme Kallekbiedem.[1]

Net wäit dovun ewech steet och eng Klaus. De leschte bekannte Klausner war de Brudder Agathon dee 1792 gestuerwen ass. Duerno gouf d'Klaus verlount bis am Joer 1977 eng Dominikanerschwëster erëm mat der Traditioun weidergefuer ass a sech do installéiert huet.

Am Dall ass déi déifst Plaz um Zesummefloss vun dem Ton an der Kuer op 235,65 m op der Grenz mat Frankräich.

D'Kuer stéisst bei der südlechster belsch–franséischer Grenzmaark op d'Belsch a leeft vun do 3.850 Meter no Nordwesten, a mécht op dëser Streck d'Grenz tëscht der Belsch a Frankräich ier se nom Zesummefloss mat dem Ton erëm fir de Rescht vun hirem Laf ganz a Frankräich zréckgeet.

Op Torgny kënnt een aus der Belsch, vu Virton aus iwwer d'Nationalstrooss N871, iwwer Rouvroy a Lamorteau. Hanner Lamorteau deelt dës Strooss sech sou datt en zwou Méiglechkeeten huet fir dohinzekommen. Et kann en duerch den Dall vum Ton fueren oder iwwer de Wee den iwwer d'Kopp geet, a vun deem aus en eng schéi Vue iwwer de ganzen Dall huet.

U Frankräich ass Torgny am Westen ugeschloss mat engem Wee den op der Grenzbréck weider iwwer déi franséisch Departementale D118A op Velosnes féiert. Am Oste geet eng Strooss déi Uschloos un d'Departmentale D29c huet laanscht de Bois de la Poulette op Épiez-sur-Chiers.

Torgny hat am Laf vun de Joerhonnerten net ëmmer deselwechten Numm. Géint 1150 gëtt et als Tornei an als Torgney ernimmt . D'Géigend vun Torgny war schonn zur Réimer- a Merowengerzäit besiidelt. Am Joer 1989 goufen d'Reschter vun enger Réimervilla aus dem 4. Joerhonnert entdeckt. Op der Ramonette engem flachen Hiwwel haten d'Réimer sech och installéiert an am Süden, op 1 km vum Duerf, ass e groussen Tumulus fonnt ginn.

D'Par vun Torgny besteet zanter dem 15. Joerhonnert an e groussen Haff d'Cour Lassus gëtt am Februar 1324 als de Besëtz vum Jang de Blannen ernimmt.

Torgny war bis 1829 eng eege Gemeng. Am deem Joer gouf se u Lamorteau ugeschloss a gouf 30 Joer mé spéit erëm selbststänneg, bis se 1976 mat Rouvroy fusionéiert huet.

D'Uertschaft kritt hire besonnesche Charakter duerch déi vill al Haiser déi bal alleguer tëscht 1740 an 1880 gebaut goufen. Et gëtt där ongeféier fofzeg. D'Steng fir d'Haiser ze bauen, koumen all aus der Steekaul wou haut d'Naturschutzgebitt dran ass. Op villen Haiser steet de Baudatum iwwer der viischter Dier. Déi meescht Haiser si mat sougenannte Kanalzille gedeckt, déi typesch fir déi al loutrengesch Haiser sinn.

E grousst Gebai an der Rue Escofiette war fréier e Klouschter, dat vun Nonnen, déi virun der Loi Combes aus Frankräich fortgelaf waren, opgeriicht gouf.

D'Kierch vun Torgny, déi nom Zweete Weltkrich ganz nei opgeriicht gouf, ass dem hellege Mäerten geweit. Si besteet aus engem Längsschëff an engem zimlech breede Querschëff an ass am Natursteen aus der Géigend gebaut. Den net ganz héijen Tuerm huet en Daach den eng besonnesch Helmform huet, op all Säit ass e Bou mat agebaut fir eng Auer dran ze setzen.

Wann en op Épiez fiert, geséit e riets déi dräi Wéngerte vun Torgny leien, mat dem Wënzer vum Clos de la Zolette sengem Haus. Obschonn Torgny fréier e Wënzerduerf war, war de Wäibau eng Zäit lang ganz aus der Géigend verschwonnen, bis 1956 erëm en éischte Wéngert ugeluecht gouf. D'Produktioun gëtt haut op ronn 8000 Fläsche geschat an et gi wäiss Wäiner a Rosé produzéiert.

Ronderëm d'Gäert vun den Haiser si bal iwwerall Dréchemaueren.

Op Nummer 6 an der Rue Cavé steet e grousse Bauerenhaff, d'Ferme Rose aus dem Joer 1838, deen als Nationalmonument klasséiert ass.

Traditioun[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Prëssioun déi am (17. Joerhonnert) versprach gouf, ass all Joer de fënnefte Sonnden no Ouschteren.
  • All Joer, den zweete Weekend am Juli, ass e grousst Fest fir d'Handwierker an d'Artisten, besonnesch aus dem Süde vun der Gaume. Et gëtt och all Kéier e Land aus Europa als Motiv ausgesicht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Torgny – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Torgny, la réserve naturelle Raymond Mayné.