Chassepierre

Vu Wikipedia
Chassepierre
Chassepierre mat der Semois
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Virton
Gemeng Florenville
Koordinaten 49° 42’ 25’’ N
      05° 15’ 44’’ O
Telefonszon 061
Postcode 6824

Chassepierre ass eng belsch Uertschaft an der Provënz Lëtzebuerg a gehéiert zu der Gemeng Florenville. D'Uertschaft läit op den Ufere vun der Semois ongeféier 3 Kilometer am Weste vu Florenville, an zitt sech laanscht e grousse Meander vum Floss.

D'Originne vu Chassepiere ginn an d'gallo-réimesch Zäit zeréck. Et gëtt fir d'éischt am 8. Joerhonnert ernimmt, ënner dem Numm Casa Petrae, dee stengent Haus bedeit. D'Uertschaft huet am Ufank engem gewësse Mactigisilus gehéiert, dee mat senger Fra Hechia do gelieft huet. Wéi d'Koppel an den Alter koum hu se hir Gidder un d'Kierch vu Verdun verschenkt. Am Joer 888 gëtt Chassepierre als Villa royale ernimmt. Vum Enn vum 10. Joerhonnert bis 1260 huet Chassepierre zu der Grofschaft Chiny gehéiert, an ass duerno un d'Häre vu Florenville gaangen. Am Joer 1274 krut Chassepiere säi Fräiheetsbréif. An där Zäit war d'Uertschaft am Besëtz vun der Isabelle de Florenville an dem Otto de Trazegnies déi och eng Buerg gebaut haten, déi awer haut verschwonnen ass.

Duerch e Bestietnes am Joer 1352 koum d'Uertschaft an de Besëtz vun den Häre vu Rodemack am Loutrengeschen.

Déi Lécker Prënze-Bëscheef hate sech och drëm gerappt an haten d'Buerg ëm 1280 a Brand gestach. De Gérard de Rodemack huet 1462 d'Buerg, d'Seigneurie an d'Lännereien un de Louis de la Marck verkaaft.

Vu 1544 bis 1574 huet Chassepierre zum wallounesche Besëtz vum Louis de Stolberg gehéiert, a koum duerno an d'Hänn vun den Häre vu Löwenstein. Duerch seng Grenzsituatioun, war d'Uertschaft a vill Streidereie verwéckelt a gouf e puermol am Laf vun de Joerhonnerten ausgeraibert. Dofir ginn och déi lescht stengen Zeien, nëmme bis un d'Enn vum 17. an den Ufank vum 18. Joerhonnert zeréck.

D'Kierch vu Chassepierre déi dem hellege Mäerten geweit ass gouf 1702 opgeriicht. De Parvis an d'Sakristei goufen eréischt 1898 nogebaut. D'Kierch ass an engem einfache Stil gebaut an huet nëmmen ee Schëff, de Chouer ass liicht méi schmuel wéi d'Schëff. D'Gebai ass mat Leeë gedeckt an den Daach vum Tuerm huet d'Form vun engem Helm. D'Miwwelen an der Kierch, de Priedegtstull, den Altor an d'Verzierungen am Chouer gläichen deene, wéi se an de meeschte Kierchen aus der Gaume oder den Ardennen erëmzefanne sinn.

An der Kierch sinn e puer Statue vun net ganz bekannten Hellegen ausser deene vum hellegen Eligius an dem Rochus. Déi ganz Uertschaft steet op enger décker Couche vu sougenanntem Cron (kallekhalteg Formatiounen). An dësem Gestengs haten d'Awunner och Galerie gegruewen. Eng dovun déi ënner der aler Mille läit, geet bis ënner d'Paschtoueschhaus a kann och besicht ginn. D'Paschtoueschhaus gouf als Maison du Pays ageriicht.

Nieft der aler Mille fënnt een déi éischt Spuere vum Cron dee ganz mat Moos bewuess ass. Do donieft ginn Trapen erof an den Trou des Fées, deen zu der Galerie gehéiert.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'Haiser vu Chassepierre goufen am alen Ardennerstil restauréiert. Op der Semois stinn nach d'Piliere vun der Bréck iwwer déi eng Eisebunn gelaf ass. D'Bréck selwer gouf 1940 zerstéiert a réischt 2013 als Foussgängerbréck nees opgeriicht. Si huet zu der Vizinalstreck 558 Marbehan-Florenville-Sainte-Cécile geheiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eisebunnsbréck vu Chassepierre.

Manifestatiounen[änneren | Quelltext änneren]

All Joer ass de Sonnden nom 15. August e grousse Maart. D'Kiermes vum Duerf ass de leschte Sonnden am September.

Spezialitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Den Hunneg vu Chassepierre huet sech eng kleng Renommee an der Géigend gemaach. Beléift sinn och Gromperen aus der Géigend, déi ënner dem Numm Plate de Florenville bekannt sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chassepierre – Biller, Videoen oder Audiodateien