Eisebunnsbréck vu Chassepierre

Vu Wikipedia
Bréck vu Chassepierre
Geographie
Land Belsch
Plaz Chassepierre
Koordinaten 49° 42’ 23.44’’ N
      05° 16’ 00.51’’ O
Funktioun
Benotzt als Eisebunnsbréck
Foussgängerbréck
Gleiser 1
Féiert iwwer Semois
Technesch Detailer
Bréckentyp Fachwierkbréck
Totallängt 54,20 m
Felder/Béi 3
Feldbreet(en) 16,40 - 21,40 - 16,40 m
Breet 4,35 m
Fräi Breet: 3,85 m
Material Eisen
Bemierkungen
Opgaangen 1912
Zerstéiert 10. Mee 1940
Ersat vun Foussgängerbréck 2013

D'Bréck vu Chassepierre och Pont du Breux genannt war eng Eisebunnsbréck iwwer d'Semois op der Vizinalstreck 558 Marbehan-Florenville-Sainte-Cécile.

Déi kuerz Liewensdauer vun der Vizinalstreck a vun der Bréck mat hirer spezieller mëttelalterecher Architektur vun de Piliere, sinn an der Geschicht vun der belscher Eisebunn scho relativ rar. Do derbäi kënnt nach datt vill Informatiounen obschonn et en zimmlech rezent Bauwierk war, falsch duergestallt goufen. Sou ginn e Pak Datumme fir de Bau opzielt, wéi 1902[1], tëscht 1902 an 1910, virun 1910, no 1910 etc... alles Datummen déi zimmlech onwahrscheinlech sinn, well fir de September 1910 gouf eréischt d'Soumissioun fir Aarbechten op der Sektioun vu Jamoigne op Sainte-Cécile ausgeschriwwen[2]. Am September 1912 schreift den Avenir du Luxembourg, dat de Bau vum Pont du Breux gutt weidergeet. Den Éischte Weltkrich huet de Bau vun der Bréck grad sou wéi dee vun der Eisebunnsstreck gestoppt. D'Besatzer hu souguer eng Partie vun de Gleiser déi scho louchen ewechgerappt, sou datt d'Bréck am Ufank just als Passerell gedéngt huet. Nom Krich huet et bis 1921 gedauert bis datt d'Streck an d'Bréck a Betrib geholl goufen. Den Zweete Weltkrich huet dem Traffic op der Streck nees en Enn gemaach, well franséisch Infantriestruppen, déi der Belsch hëllefe komm waren, op hirem Réckzuch, d'Bréck an d'Lucht gejot hunn (aner Quelle soe se wier bombardéiert ginn). Dat war d'Doudesuertel fir d'Streck déi alt nees eng Kéier vum däitsche Besatzer tëscht 1941 an 1942 wechgeraapt gouf.

1945 huet d'Gemeng de Ballast an den Terrain vun der Streck op hirem Territoire opkaaft. Dozou huet och d'Bréck gehéiert, se gouf ogerappt an de Schrott gouf versteet.

Et huet du bis 2013 gedauert bis eng Fousgängerbréck op der selwechter Plaz opgeriicht gouf.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Foussgängerbréck vu Chassepierre.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massonnet J.; Histoire de Chassepierre et de sa seigneurerie Editeur G. Everling, Arel 1969
  2. Avenir du Luxembourg vum 28. August 1910