Soiron

Vu Wikipedia
Soiron
An anere Sproochen wa: Sweron
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Pepinster
Koordinaten 50°35'31"N, 5°47'28"O
Postcode 4910

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

Soiron, op Wallounesch Sweron, ass eng belsch Uertschaft a fréier Gemeng an der Provënz Léck.

Bei der belscher Gemengereform vun 1977 ass Soiron als Sektioun un d'Gemeng Pepinster ugeschloss ginn.

Olne ass Member vun der Associatioun vun de schéinsten Dierfer vu Wallounien.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Soiron läit um Südwestrand vum Pays de Herve op enger Kopp déi zu den Terrasse vum Pays de Herve gehéiert. Déi héchst Plaz ass am Norde vun der Uertschaft mat 250 Meter a deen déifste Punkt ass am Dall vum Bola op 180 Meter. D'Uertschaft ass e Ronnduerf dat ganz enk ëm d'Kierch gruppéiert läit. Ronderëm d'Duerf fënnt ee Felder a Wisen déi duerch vill Hecken a Bëschelcher vunenee getrennt sinn.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Xhendelesse Biomont Grand-Rechain
Olne Lambertmont
Nessonvaux Cornesse Wegnez

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Vue op d'Duerf vu Süden
Giewelfassad mat bloen Hasteng ëm d'Fënsteren

D'Duerf gouf am Joer 1005 fir d'éischt ernimmt, wéi den däitsche Keeser Heinrich II. de Bridder vum Klouschter Hl. Adalbert vun Oochen Soiron a Soumagne vermaacht huet. Soiron huet déi Zäit zum sougenannte Pagus Leuva (Lécker Land) gehéiert.

D'Klouschter vun Oochen hat sech als Schutzhär fir dës Géigend mat hire Besëtzer den Herzog vu Limburg erausgesicht, dee sengersäits erëm e Vogt dohigesat huet, fir d'Verwaltung an d'Recht ze garantéieren.

No der Schluecht vu Worringen am Joer 1288 goufen d'Herzoge vu Brabant Meeschter an der Géigend bis 1383.

D'Jeanne vu Brabant huet du fir d'Scholde kënnen ze bezuelen en ettlech Dierfer aus dem Limburg und d'Häre vu Gronsveld verkaaft, déi dann och als déi éischt Herrschaft op der Plaz bekannt sinn.

Am Joer 1692 gouf Soiron bal komplett duerch en Äerdbiewen zerstéiert. Nëmmen e puer Gebaier dorënner de Kierchtuerm ware stoe bliwwen.

Soiron huet mat den Uertschafte Cornesse a Wegnez zu enger Par am Fürstentum Léck gehéiert. Déi dräi Dierfer waren awer net ënner der selwechter Seigneurerie. Soiron war eng Baronnerie zu där och Cornesse gehéiert hat, a Wegnez huet den Häre vu Grand-Rechain gehéiert.

Den Directoire vun der franséischer Republik huet am Joer 1797 aus Soiron, Cornesse a Wegnez eegestänneg Gemenge gemaach.

Déi dräi Uertschaften déi op de Wisenterassë vum Pays de Herve leien hunn ëmmer hire ländleche Stil behalen, obschonn vill Awunner an der Textilindustrie am Weserdall, an an der Neelfabrik zu Pepinster geschafft hunn.

D'Industrialiséierung am Weserdall an d'Kuelegrouwen an der Géigend vu Léck hu mat sech bruecht datt d'Leit fortgezu sinn. D'Seigneurerie déi um Héichpunkt ongeféier 3000 Awunner gezielt huet huet ëmmer manner Awunner behalen. Sou waren et der ëm 1820 nach 1.100, an 1950 nach knapps 550.

Am Laf vum leschte Joerhonnert sinn och all d'handwierklech Ateliere wéi Spënnereien, Wéiwereien, a kleng Neelfabriken aus dem Bild vun der Gemeng verschwonnen.

D'Géigend am Dall war ëmmer suppeg, wat d'Réimer awer net ogehalen hat e Kiem vun Tongeren op Tréier derduerch ze bauen. Dëse Kiem ass awer den eenzegen Zeie vun der Réimescher Presenz am Dall vum Bola.

En Tour duercht d'Duerf[änneren | Quelltext änneren]

Soiron ass en Duerf an deem en net wäit brauch ze lafe fir sech e Bild vun engem Duerf aus dem 17. an 18 Joerhonnert ze maachen. An de schmuele Stroosse fënnt en Haiser déi meescht aus rouden Zille gemëscht mat bloem Steen gebaut sinn. En ettlech sinn och ganz am Steen opgeriicht ginn. Typesch sinn déi kleng Fënsteren déi meeschtens Gewänner aus bloem Steen hunn. Heiansdo gesäit en och mol eent bei deem Stäck duerch en horizontaalt Band aus Steen no bausse siichbar getrennt sinn. Déi zwee imposantst Gebaier am Duerf sinn d'Schlaas an d'Hellege Rochus Kierch aus dem Joer 1723. D'Haiser sinn am grousse Ganze mat Leeë gedeckt. Ganz echt ass datt Stroossen déi ëmt d'Kierch leien all de selwechten Numm hunn, nämlech Soiron Centre. En imposant Haus mat enger Giewelfassad mat zwielef Fënstere kuckt op d'Haaptkräizung vum Duerf, an op d'Plaz virun der Kierch. Hei ass nieft dem Krigerdenkmal eng schéi Spillplaz fir d'Kanner opgeriicht ginn.

De Wäschbuer

Am Nordoste vum Duerf fanne mer d'Schlass dat am Stil Louis XV. gebaut ass, an an engem englesche Park läit. D'Schlass gouf tëscht 1723 a 1749 mat hellrouden Zillen a bloe Steng gebaut. Et steet op der Plaz vum ale Schlass dat beim Äerdbiewe vu 1692 zerstéiert gouf.

Op en ettlech Plazen am Duerf komme Quellen aus dem Buedem. Eng dovu gouf gefaasst fir de Wäschbuer an de Weier dee virdru läit mat Waasser ze beliwweren. De Wäschbuer gouf an den achtzeger Joren restauréiert.

Op de Koppen ëm d'Duerf stinn nach e puer Bunkeren, d'Iwwerreschter vu Befestegungsanlagen déi zum Lécker Festungsrank gehéiert hunn.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften an der Gemeng Pepinster

Sektiounen: Cornesse · Pepinster · Soiron · Wegnez
Aner Uertschaften: Bouhaye · Chalsèche · Cromhaise · Drolenval · Fiérain · Forges-Thiry · Goffontaine · Les Foxhalles · Saint-Germain · Saute · Sohan · Tancrémont (en Deel) · Tribomont