Nessonvaux

Vu Wikipedia
Nessonvaux
Nessonvaux vun der Baleine aus gesinn
An anere Sproochen wa: Nessonvå
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Léck
Koordinaten 50°34'30"N, 5°44'6"O
Postcode 4870

Nessonvaux, op Wallounesch Nessonvå, ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Trooz an der Provënz Léck.

Nessonvaux läit am Pays de Herve um Bord vun der Vesdre, do wou de Ri de Vaux drafeeft.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Nessonvaux eng eegestänneg Gemeng.

Nessonvaux huet eng bekannt industriell Vergaangenheet, engersäits duerch d'Fabrikatioun vu Gewierleef aus Damazenerstol, an anerersäits duerch d'Autosfabréck Imperia.

Zu Nessonvaux gouf et eng vun den zwou eenzegen Teststrecke fir Autoen op der Welt, déi op den Diech vun de Fabréckshale war. Haut ass dovun nach een Deel ze gesinn, an zwar déi iwwerhéicht Kéier beim Waassertuerm.

Persounen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nessonvaux – Biller, Videoen oder Audiodateien
Fassad vum Imperia Wierk
D'Imperia-Wierk riets am Krees en Deel vun der Testpist