Nothomb

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Nothomb (Noutem). Fir Leit mat deem Familljennumm, kuckt wgl. Nothomb (Homonymie).
Nothomb
lb: Noutem
Aussprooch
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Gemeng Atert
Koordinaten 49° 46’ 18’’ N
      05° 47’ 16’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6717

Nothomb, op Lëtzebuergesch Noutem, ass eng belsch Uertschaft am Areler Land an der Provënz Lëtzebuerg.

D'Uertschaft läit op enger Héicht vu ronn 330 m, am Dall vun der Noutemer Baach.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Noutem eng eegestänneg Gemeng.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem franséische Regime hat Noutem mat Atert fusionéiert.

1839 gouf Noutem beim Grand-Duché gelooss, koum awer 1843, wéi d'Grenzmaarke placéiert goufen, dach op déi belsch Säit.

1923 hunn Noutem a Parette sech vun Atert lassgesot, a bis 1977 eng eegestänneg Gemeng forméiert.

D'Par[änneren | Quelltext änneren]

D'Par vun Noutem gouf 1808 frësch ageriicht, an huet deemools, wéi de ganzen Département des Forêts, zum Bistum Metz gehéiert. 1823 koum d'Par bei de Bistum Namouer.

D'Kierch Exaltation de la Ste-Croix ass déi drëtt Kierch zu Noutem. Vun der éischter ass bekannt, datt se 1829 frësch opgeriicht gouf, duerno gouf op enger anerer Plaz, tëscht 1906 an 1907, eng nei Kierch vun der Gemeng gebaut (Arrêté royal vum 31.07.1905). Déi haiteg Kierch ass vun 1971 a gouf op enger Plaz nieft där vu virdrun opgeriicht.

D'Kierch vun Noutem

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nothomb – Biller, Videoen oder Audiodateien
Uertschaften an der Gemeng Atert

Sektiounen: AtertDiddebuergGehaanselchertNoutemTontel
Uertschaften a Lieu-diten: Almeroth · Beierchen · Corne du Bois des Pendus · Faascht · Grendel · Heeschtert · Leschert · Luschert · Luxeroth · Metzert · Parrt · Pass · Roudenhaff · Schuedeck · Schakeler