Diskussioun:Countdown fir Kachkéisien!

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Quokeleges mat den Albumsnummeren[Quelltext änneren]

Den Text (deen aus "guttinforméierte Kreese" staamt, ernimmt dee Neien als Nummer 20! Da musse mer kucken, wéi mer se numerotéiert kréien. --Cornischong 16:48, 28 November 2005 (UTC)

Och deng guttinforméiert Kreeser ernimmen deen Neien net als Nummer 20, mee just als 20. Album. De Sammelband ass nämlech en Album, mee ee mat enger eegener Numerotatioun. An anere Wieder, de Countdown fir Kachkéisien! huet d'Nummer 19, mee et gëtt donieft nach e Sammelalbum Nummer 01. --Otets 17:51, 28 November 2005 (UTC)

" De Schluss vun der Geschicht oder en Deel vum Developpement gëtt hei veroden !": Ass et "ver-oden" oder "ve-roden"? --Cornischong 22:36, 6 November 2006 (UTC)

Wat hälst de dann vu verroden ! --SITCK 22:54, 6 November 2006 (UTC)

Net schlecht! Mee wéi erklärt een engem, datt et zwéin "r" kritt? --Cornischong 23:17, 6 November 2006 (UTC)

Dat däitscht Wuert ass "verraten" oder "Verrat" oder "Verräter". Déi zwee "r" stin also dran. Och den Här Rinnen Henri huet a sengem Buch stoen: verroden, Verrot a Verréider. Salut --SITCK 23:30, 6 November 2006 (UTC)