Countdown fir Kachkéisien!

Vu Wikipedia
Countdown fir Kachkéisien!
Land Lëtzebuerg
Sprooch Lëtzebuergesch
Erauskomm 2005
Auteur Lucien Czuga
Zeechnungen Roger Leiner
Serie Superjhemp
Band virdrun De Fluch vun der 23
Band duerno Déck Mënz fir de Prënz


Countdown fir Kachkéisien!, ass den 19. Album aus der Comicserie Superjhemp vum Lucien Czuga a Roger Leiner deen 2005 erauskoum. An dëser Episod feiert de Bommeleeër e spektakuläre Comeback.

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

20 Joer no senge Näischnotzegkeete soll de Bommeleeër dës Kéier dem Superjhemp an dem Schrobiltgen hëllefen, eng Atombomm ze entschäerfen, déi de GROMPER (Groupement vun de Mégarosene Pappen en Retraite) iergendanzwousch an der Stad verstoppt huet an déi explodéiere soll, wann hir Fuerderung no enger Papperent net erfëllt gëtt! Gläichzäiteg empfänkt de JCJ an offizieller Staatsvisitt den Dimitri Frivili, President vum Azärméckschiif, e megaräicht Land am Rolfkaukasus.

Inoffiziell geet et awer drëm datt den Azärméckschiif an d'Ö.U. soll opgeholl ginn, mä d'Verhandlunge ginn därmoosse schif, datt de Frivili, deem seng Identitéit fir deen "offiziellen" Deel vun der Visitt vum Schrobiltgen ageholl gëtt, Luxusbuerg um internationale Kapitalmaart opkeeft an et a "Kachkéisien" ëmdeeft.

Wärend de Frivili, fir dat ze feieren, an de Casino 2005 op Munnerëffeg Roulette spille geet, geet de Superjhemp op eng spannend Schnitzeljuegd duerch d'ganz Stad bis op déi Plaz, wou d'Bomm verstoppt ass. Domat ass d'Bomm awer net entschäerft.

Eng Spezialversioun vum Album[änneren | Quelltext änneren]

Intressant un deem Album ass, datt et dovun eng Spezialversioun gëtt mat engem anere Schluss: wärend deen "normalen" Album, dee bal 10.000-mol gedréckt gouf, en Happy End huet, ass an der Spezialversioun, déi et nëmme 500-mol gëtt, an déi een nëmmen iwwer Souscriptioun an der REVUE krut, en Not So Happy End! Dat ass déi éischt Kéier zu Lëtzebuerg, datt et e Buch mat zwéi verschiddene Schlusse gëtt.

D'Spezialversioun erkennt een iwweregens dodrun, datt e Sticker mam Kapp vum Frivili, deen eng azärméckschiifeg Mënz am Wäert vu 5 Frivilien duerstellt, drop gepecht ass!

Personnagen am Album[änneren | Quelltext änneren]

(alphabetesch Lëscht vun de Personnagen déi an der Geschicht virkommen oder ernimmt ginn)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]