Dynamit fir d'Dynastie

Vu Wikipedia
Dynamit fir d'Dynastie
Land Lëtzebuerg
Sprooch Lëtzebuergesch
Erauskomm 1989
Auteur Lucien Czuga
Zeechnungen Roger Leiner
Serie Superjhemp
Band virdrun De Superjhemp géint de Bommeléer
Band duerno D'Affär vum Jorhonnert


Dynamit fir d'Dynastie ass den 2. Album aus der Superjhemp-Serie vum Roger Leiner a Lucien Czuga deen am November 1989 erauskoum.

Ëm wat geet et ?[änneren | Quelltext änneren]

Opgepasst : De Schluss vun der Geschicht oder en Deel dovu gëtt hei verroden!

De Band fänkt u mat engem Fliger deen um Findel lant an aus deem eng mysteriéis Persoun erausklëmmt. D'Persoun huet eng nach méi mysteriéis Wallis an der Hand a wëll direkt an de Palais bei den Ierfklengherzog Prënz Luc.

Do ukomm presentéiert déi mysteriéis Persoun sech als Filip von Filoux, mécht d'Wallis op an hëlt en Dokument eraus, op deem steet, datt dem Luc säin Urgrousspapp, de Klengherzog Albert, dem Filip sengem Urgrousspapp, dem Viktor von Filoux, d'Luxusbuerger Land vermaach huet. Dat ganzt baséiert op enger Wett, wou et drëms gaangen ass, op enger Juegd deen nächste Fasan ze geroden: geréit de Viktor, da kritt hie vum Albert d'Luxusbuerger Land, geréit hien net, da bléift alles beim alen. Dem Schrëftstéck no huet de Viktor getraff an deemno wier de Filip von Filoux domat deen eenzege rechtméissegen Ierwe vum Luxusbuerger Troun.

De Superjhemp gëtt ageschalt, fir den Troun vu Luxusbuerg ze retten, an duerch e gewëssen Albert Engel deen zu Biereldéng e Café huet, kritt de Superjhemp gesot, wéi hien an d'Vergaangenheet reese kann. Hie mécht dat dann och, a féiert eis sou duerch d'Geschicht vu Luxusbuerg, ugefaangen am Joer 963, wou hien op de Siggy vu Luxusbuerg an d'Melusina trëfft, iwwer d'Joer 1341 wou hien de Kinnek Jhang (de Blannen) op der Schueberfouer gesäit, bis hien da méi spéit (warscheinlech 1684) de Sébastine le Prestre Marquis de Vauban an de Créqui bei der Belagerung vun der Stad an dem Verdreiwe vun de Spuenier hëlleft.

Schlussendlech lant de Superjhemp am Joer 1890, an dem Joer vun der Wett, wou et ëm d'Luxusbuerger Land geet. Hien arrangéiert sech, datt de Viktor net geréit, a rett doduerch d'Dynastie.

Zeréck am 20. Joerhonnert ass dem Filip von Filoux säi Schrëftstéck verschwonnen an de Prënz Luc kann op sengem Troun bleiwen.

Kuriéises[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vum zweete Superjhemp-Album gräift ënner anerem d'Affär vun der Walis an d'Affär Engel Albert op. Verschiddentlech gëtt och behaapt, de Filip von Filoux géif de Grof Georg von Merenberg duerstellen.

Personnagen am Album[änneren | Quelltext änneren]

(alphabetesch Lëscht vun de Personnagen déi an der Geschicht virkommen oder ernimmt ginn)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]