Panik am Studio 4!

Vu Wikipedia
Panik am Studio 4!
Land Lëtzebuerg
Sprooch Lëtzebuergesch
Erauskomm 1992
Auteur Lucien Czuga
Zeechnungen Roger Leiner
Serie Superjhemp
Band virdrun Den Dossier Hexemeeschter
Band duerno Superjhemp contra Superjhemp


Panik am Studio 4! ass de 5. Album aus der Superjhemp-Serie vum Roger Leiner a Lucien Czuga.

Ëm wat geet et ?[änneren | Quelltext änneren]

E mysteriéisen Här X vun der Fräiheetsfront vu Mutschebuerg dreet domat, eng Atombomm explodéieren ze loossen, déi en am Studio 4 vun der Villa Glouglouvigny deponéiert huet, wann de japanesche Golfpromoteur Neemengmodi Tasskeekado net géif zu Mutschebuerg, engem Duerf am Kéislek, e Golfterrain opriichten. De Superjhemp an den Inspekter Schrobiltgen fannen zwar geschwënn den Erpresser, mä deen zielt hinnen, nëmmen de russeschen Atomphysiker Oleg Mechhannen wéisst, wéi een d'Bomm entschäerfe kéint.

De Superjhemp flitt mam Schrobiltgen fir d'éischt a Russland (wou en eng Atomzentral mat Kachkéis fléckt), an duerno op Nudel-York, wou de Mechhannen den Aussoe vun der Opere-Sängerin Monsterrat Kaballet no soll sinn. Se fannen e schliisslech beim Tournage vun engem Film iwwer dem Kolumbus seng Iwwerquierung vum Atlantik, an e verréit hinnen, wéi een d'Bomm onschiedlech mécht: einfach de Knäppchen op 'off' stellen.

Domat gëtt den Här X sech awer nach net geschloen. Hie wëll elo d'Luxusbuerger Grondwaasser mat Piffkonzentrat verknaschten.

Kuriéises[änneren | Quelltext änneren]

Wéi an deenen aneren Albumen aus der Serie gëtt d'Aktualitéit aus deem Joer, deemno 1992, persifléiert: Den neien deeglechen Televisiounsprogramm vun RTL op Lëtzebuergesch, d'Accorde vu Schengen, Europa nom Zesummebroch vum Kommunismus, de 500. Anniversaire vun der Entdeckung vun Amerika, d'Weltausstellung vu Sevilla, asw.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]