Superjhemp contra Superjhemp

Vu Wikipedia
Superjhemp contra Superjhemp
Land Lëtzebuerg
Sprooch Lëtzebuergesch
Auteur Lucien Czuga
Zeechnungen Roger Leiner
Serie Superjhemp
Band virdrun Panik am Studio 4!
Band duerno D'Geheimnis vun der Waliss


Superjhemp contra Superjhemp ass de 6. Album aus der Superjhemp-Serie vum Roger Leiner a Lucien Czuga.

Ëm wat geet et ?[änneren | Quelltext änneren]

De Charel Kuddel sëtzt gemittlech an enger Diskussiounsronn am Ëmweltministère, do gi se gestéiert vum Kaméidi vum Superjhemp, dee grad am Gaang ass, Dreck an d'Paulus ze tippen. Dem Charel bleift de Mond opstoen, well hien ass jo eigentlech de Superjhemp. Mä domat net genuch, knapps ass de Charel erëm doheem, do gesäit e seng Fra Félicie um Plaffong pechen. Den Dokter, deen direkt ugerannt koum, mengt d'Félicie wier an aner Ëmstänn. Wann de Bëbee eppes vu sengem Papp senge Superkräfte geierft huet, géif dat och erklären, firwat d'Félicie op eemol fléie kann.

Mä zeréck bei den Dreck: den Dag drop gëtt de Superjhemp dobäi erwëscht, wéi en Dreck an d'Escher Brëll-Strooss tippt. An de Prënz Luc beklot sech, e géif vum Superjhemp erpresst ginn, dee weiderfuere wéilt, d'Land mat Dreck zouzetippen, wann de Prënz net zu Gonschte vum Filip von Filoux op säin Troun verzichte géif. De Charel Kuddel ass déck besuergt, wat do am Numm vu sengem Alter Ego geschitt, a beschléisst als Superjhemp bäi de Prënz op Koma-Bierg ze fléien, fir e vu senger Onschold z'iwwerzeegen. Dee gleeft him och, mä d'Koma-Bierger-Bierger, déi de Superjhemp an der Luucht gesinn haten, stiermen d'Schlass fir hire Prënz aus där schäinbarer Gefor ze retten. De Superjhemp muss sech duerch d'Bascht maachen an e kënnt sou duerch e Geheimgank vum Schlass am onbewunnten Uert Caltöville eraus. Wéi en do duerch eng Fënster luusst, gesäit en de Filip von Filoux um falsche Superjhemp bastelen, dem Robojhemp. Well de Superjhemp (dee richtegen) kee Kachkéis méi huet, kann e kuerfristeg ausser Gefecht gesat ginn.

Dëst gëtt dem Filip von Filoux d'Geleeënheet, mat senger zweeter Kreatioun, dem Ris Eikling a sengem déidlechen Ozonestral, beim Prënz Luc opzedauchen an do seng Fuerderung nom Troun mat nach méi Nodrock virzedroen. De richtege Superjhemp wëll zwar a leschter Sekonn nach zu Hëllef kommen, mä de falsche Superjhemp fänkt en an der Lut of an et kënnt zu engem Kampf op Liewen an Doud, deem dee richtege Superjhemp awer net sou richteg gewuess schéngt. Do daucht op eemol nach en drëtte Superjhemp op a gräift och an de Kampf an. Ass dat e Kolleeg vum richtege Superjhemp, oder nach e Roboter, wéi schonn de Robojhemp an de Ris Eikling?

Kuriéises[änneren | Quelltext änneren]

Gläich dräi Superjhempen an engem Album, ma wann dat net kuriéis genuch ass!

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]