Diskussioun:D'Ro'd Wullmaus

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"en Zitat aus dem Katchëssem hat: "Gott ist im heiligen Bunde der Ehe der Dritte".": Kéint et net e bëssen ëmgediebelt aus dem Friedrich von senger "Bürgschaft" sinn, freet sech de --Cornischong 01:14, 7. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien, ech hat nach keng Zäit, dat z'iwwerpréifen - et ass aus dem Forum-Artikel iwwerholl. Wann s De, wéi Deng rhetoresch Fro et noleet, méi weess, däerfs D'et gäer verbesseren. --Z.
Moien. Dat war keng rhetoresch Fro! Ech si just pipeg mat Zitater. A wa vun "dem Katchëssem" Rieds geet, da froen ech a watfir engem dat wou steet. --Cornischong 12:33, 7. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]
Nowend, hat elo emol endlech Zäit, mer dat hei op der Zong zergoen ze loossen. Esou, wéi dat Zitat do stung, kunnt ech et effektiv néierens fannen, dofir huelen ech et einfach emol eraus. Experte vu Ménage-à-troisë kënne sech gär mellen ;-). --Zinneke 21:38, 8. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Groussbustawen[Quelltext änneren]

Ech proposéieren, den Artikel mat "D'Ro'd Wullmaus" ze lematiséieren, an net "D'RO'D WULLMAUS" -dat fënnt soss kee Mënsch erëm. "de:Der Spiegel" an "de:Time" gëtt z.B. jo och net mat "DER SPIEGEL" an "TIME" an der de:Wiki lemmatiséiert, och wann dat esou op hirem Titel steet. --Z.