D'Ro'd Wullmaus

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Zeitung D'Ro'd Wullmaus. Fir d'Maus Myodes glareolus, kuckt wgl. Rout Wullmaus.
D'Ro'd Wullmaus
Typ Studentenzeitung
Sprooch Däitsch
Éischt Ausgab 1970


D'Ro'd Wullmaus (um Titel D'RO'D WULLMAUS geschriwwen), spéider Roud Wullmaus, war eng lëtzebuergesch Zeitung, déi den 1. Februar 1970 fir d'éischt erauskoum an et bis 1973, wou s'opgehalen huet, op 30 Nummere bruecht hat.

Dohanner war de CLAN oder Clan des jeunes, eng Studentevereenegung vu Schüler vum Escher Jongelycée, déi bannent der Assoss eng zolidd lénks bis lénksradikal Ideologie vertrueden huet. Déi éischt Nummer hat eng Oplo vun e puer honnert Exemplairen , déi méi spéit bis op 2.000-3.000 eropgoung. Se gouf virun allem virun de Schoule verkaaft.

Mat hiren Artikelen, déi d'Autoritéit a Fro gestallt hunn (besonnesch déi vun der Kierch a vum Enseignement), huet D'Ro'd Wullmaus fir gelleg Opreegung gesuergt. Sou gouf et eng Rubrik mam Titel "Drecksschleider, domm a frech, dreckeg a gemeng", wou Léierpersonal mat Numm a Spëtznumm net onbedéngt zu sengem Virdeel beschriwwe gouf, an de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse goufen an der Rubrik "Neues aus Kolmarshausen" als Donald an Daisy Duck parodéiert.

Wéinst der Nummer 5, an där et ë. a. ëm Onanie goung, gouf et souguer eng Plainte viru Geriicht wéinst enger Karikatur op där eng Koppel ënner engem Lëlldech am Bett "bei der Saach" ze gesi war, an donieft en ale Mann mat engem laange Baart an engem Dräieck iwwer dem Kapp, deen offensichtlech un deem wat e gesouch, intresséiert war, an dat ganzt als Titel hat: "Gott ist im heiligen Bunde der Ehe der Dritte".

Dëse Prozess war natierlech onfräiwëlleg Reklamm an huet d'Oplo weider an d'Luucht bruecht.

Wéi kontrovers D'Ro'd Wullmaus war, weist sech z. B. dodran, datt den Direkter vun engem Escher Lycée säi Léierpersonal opgefuerdert huet, déi Librairien, wou d'Ro'd Wullmaus verkaaft gouf, ze boykottéieren.

Mat der Zäit sinn d'Artikele manner provokativ a witzeg, dofir méi ideologesch-politesch ginn, an d'Oplo ass séier erofgaangen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • André Gilbertz, Robert Soisson: 50 Jahre Ro'd Wullmaus. 1970-2020. Editions FGIL, 2021.
  • Robert Soisson (Hrsg.), 50 Jahre Ro'd Wullmaus Bd. 1 Die vollständigen Texte, Books on Demand, 2020, 568 S. ISBN 978-37519-49-31-6
  • Robert Soisson (Hrsg.), 1970 - 2020 50 Jahre Ro'd Wullmaus, Die vollständigen Texte Band 2, Books on Demand, 2020, 540 S., ISBN 978-37519-60-88-5

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]