Diskussioun:D'Schatzritter an d'Geheimnis vum Melusina

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

meeschtens lafe mer op der Wiki der Aktualitéit hannendrun, fir alles festgehalen ze kréien. Hei hu mer fir eemol d'Géigendeel: E Film, deen nach net emol gedréint ass, geschweig dann, an de Kinoen erauskomm ass. Bei allem Enthusiasmus: Deen Artikel hei ass haut - am Mäerz 2010 - just eng Annonce, a beschreift näischt, wat et gëtt. Deemno erfëllt en net d'enzyklopedesch Critèrë vun der Wiki. Ech sinn dofir derfir, en - fir de Moment emol - ze läschen. 2012, wann e, wéi ugekënnegt, soll(t) an de Kinoen erauskommen, ass e séier nees "erëmbelieft". Wat mengt d'Vollek?

--Zinneke 14:04, 24. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Läschen! -- Pecalux 16:56, 24. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]
Och fir d'Läschen. --Cayambe 13:47, 2. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Gouf schonn de 25. Mäerz geläscht. D'Diskussioun war vegiess gi beim Läschen. Les Meloures 14:00, 2. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Fir de Projet am A ze halen[Quelltext änneren]

  • www.schatzritter.lu
  • www.facebook.com/schatzritter

[Note: Wéi de Projet bis stoung an den Tournage am Gaang war, gouf den Artikel am Juli 2011 nees "erëmbelieft" an zënterhier ausgebaut an aktualiséiert.] --Zinneke (Diskussioun) 08:59, 30. Mäe. 2012 (UTC)][äntweren]