Diskussioun:Denise Bindschedler-Robert

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

" vum Internationalen Institut fir Mënscherechter zu Stroossbuerg": Moien, ech erlabe mer emol fir hei d'Administratueren ze froen, wat dat ass. De Guggel zielt mer eppes vun engem "Deutsches Institut für Menschenrechte" vu Berlin. Een "Internationales Institut für Menschenrechte" kennt mäi Guggel net. E Link geet duer; ech kucke selwer. Merci am Viraus. --Cornischong 12:12, 22. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

http:www.iidh.org/. Gär geschitt. --Zinneke 12:18, 22. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Lizenzeproblemer[Quelltext änneren]

Den Artikel ass praktesch aus der däitscher Wikipedia "iwwersat" ginn. Kéint vläicht ee vun den Adminnen dem Iwwerdroer kloermaachen, datt hie sech net un d'Lizenz vun der GNU gehalen huet Hien huet, d'Auteure vum Artikel an der de-Wikipedia net ernimmt. Vun engem, dee sech esou de Batti stellt, hätt ee kënnen erwaarden, datt e sech un déi elementar Wikipedia-Reegelen hält. Dat wäert wuel mat der Zäit kommen. Merci. --Cornischong 16:41, 22. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech hun emol versicht mech schlau ze maachen an ze kucken wéi dat mat dem Iwwersetzen an anere Wikipedia gemaach gëtt. Dobäi sinn ech op déi follgend Säite gestouss:

No dem Duerchliese vun all dëse Säiten, stellen ech mir d'Fro wou de Problem ass wa mir Lëtzebuerger en Artikel aus enger anerer Wiki iwwersetzen wann dat esouguer an dene grousse Wikien eege Projets-Säite sinn. Fir mech ass de Problem domat ofgeschloss. Mat beschte Gréiss --Robby 20:11, 22. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Auteuren uginn[Quelltext änneren]

Hien huet, d'Auteure vum Artikel an der de-Wikipedia net ernimmt schreift de Cornischong.
Ech hat bei de Quellen uginn: Aus der de:Wikipedia iwwersat mat engem Link op den Artikel an der däitscher Wiki. Iwwer de Link kann een op der däitscher Wiki d'Auteuren no kucken. Ech hat geduecht domat dem Lizenzproblem Rechnung gedro ze hunn. Dee Saz gouf allerdengs vum Cornischong mat dëser Bemierkung eraus geholl: (maache mer eis net ganz e bëssi lächerlech mat esou Tricken, wa mer scho wëllen am Wandschiet vun der transmuselanescher Wikipedia fueren?)'.
Elo seet hien et misst een d'Auteuren ernimmen. Wann dat esou muss gemaach ginn huelen ech dat gäre bei all mengen Artikelen no.
Ech hunn d'Auteure vun dësem Artikel erausgesicht:
  • J.-H. Janßen
  • 83.222.33.156
  • 80.150.5.165
  • Avoided
  • 84.175.115.38
  • Hermannthomas
  • Mac
  • Wiegels
  • ThoR
  • Tarantelle
  • Nuk Nuuk
  • UW
Wuer soll ech déi elo hischreiwen?

Pierrenilles 08:14, 23. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Bei Iwwersetzungen aus anersproochege Wikien brauchs du den Auteur oder d'Auteuren NET am Artikel selwer mat unzeginn. Et geet duer wann's du op der Edit-Säit (Ännere-Säit) an d'Résumées-Këscht schreifs dass et eng Iwwersetzung aus der fr.wikipedia oder der de.wikipedia ass. Kuck dozou och eisem Bureaucrat Robby seng Meenung, direkt hei uewendriwwer.
--Pecalux 08:55, 23. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]