Denise Bindschedler-Robert

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Denise Bindschedler-Robert gebuer den 10. Juli 1920 als Denise Robert zu Saint-Imier am Kanton Bern, a gestuerwen de 17. November 2008 zu Bern, war eng Schwäizer Vëlkerrechtlerin. Vun 1975 bis 1991 huet si d'Schwäiz um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter vertrueden.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No der Primärschoul ass d'Denise Robert zu La Chaux-de-Fonds op de Gymnasium gaangen, an duerno huet se op den Universitéite vu Lausanne a Bern Rechtswëssenschafte studéiert. Si gouf 1945 als Affekot akreditéiert. Vun 1946 bis 1950 huet si an der politescher Direktioun vum Ausseministère geschafft. 1949 huet si mat enger Dissertatioun iwwer Neutralitéit promovéiert. Dat Joer duerno huet si sech mat dem Rudolf Bindschedler bestuet.

Um Genfer Hochschulinstitut für internationale Studien huet si 1956 ugefaangen, Vëlkerrecht z'enséignéieren a gouf aacht Joer duerno ausseruerdentlech Professesch. 1967 gouf si Member am Internationale Komitee vum Roude Kräiz. Do war si vun 1973 bis 1980 am Exekutivkomitee, a vun 1986 bis 1990 war se Vizepresidentin.

Den 21. Abrëll 1975 gouf si Nofollegerin vum Antoine Favre als Schwäizer Member vum Europäesche Geriicht fir Mënscherechter. Do war si bis 1991. Si war no der Dänin Helga Pedersen déi zweet Fra, déi Member vun deem Geriicht gouf.

Vun 1990 bis 1996 war si un der Spëtz vum Institut international des droits de l'homme zu Stroossbuerg.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  • Erika Engel (a.a.): Europäische GRUNDRECHTE-Zeitschrift. Joergank 1980, S. 97. N.P. Engel Verlag, Kehl am Rhein.
  • Marco Jorio (a.a.): Historisches Lexikon der Schweiz. Schwabe Verlag, Basel. (Onlineartikel)
  • Schweizer Lexikon. Band 1: A-Cha. Verlag Schweizer Lexikon, Luzern 1991–1992.