Diskussioun:Departement Moselle

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudden Owend,

War de Wope net dee richtegen. Les Meloures 19:56, 28 Februar 2007 (UTC)

Dach dach, mee bei den aneren Departementer (cf. Ain, Haute-Savoie asw.) ass och de Logo vum Departement an der Këscht, (Ausnam Departement Bas-Rhin wann ech mech net iren, well do kee Logo fonnt gouf), d'Wope si meeschtens bei de Regiounen éischter an der Këscht. D'Wopen, wéi z.B. am Artikel Ain steet am Geschichtsdeel. --βρισεισDisk 09:34, 1 Mäerz 2007 (UTC)


Gudde Mëtteg. Ok ech verstinn elo Merci. Les Meloures 11:20, 1 Mäerz 2007 (UTC)

Den Numm vum Departement Moselle[Quelltext änneren]

A Loutrengen soe mir net Moselle mee Musel (op Lëtzebuergesch) ewéi de Floss : --> Den Departement vun der Musel oder d'Musel.

kéint Dir korrigéiert.

Gudde Mëtteg lorolv57


Gudde Moien
Wéi der gesinn huet schreiwe mer lëtzebuergesch hei, wat jo och dem Muselplatt a Loutrengen gläicht. Mer maachen awer Ausname bei de Lemmaë vun auslänneschen Nimm. Do ginn am Prinzip déi original Nimm geholl wéi se an deem Land sinn. Besonnesch bei sou laange Serie wéi bei den iwwer 90 Departementer gesäit dat sech komesch un, wa bei all de franséischen Nimm dann der dräi oder véier lëtzebuergescher dran trëllen. Et schléisst och domat Fantasis-Nimm bei aneren Departementer aus, a mir hunn eng kloer Linn fir ze schaffen, wou jiddereen dermat eens gëtt. Mer kënnen awer e Redirect maache mat Departement Musel an/oder Museldepartement, sou datt een et och ënner deem Numm fënnt. Wéi der vläicht gesinn huet gëtt dacks am Text den Ausdrock Museldepartement gebraucht z.B. bei den Uertschaftsartikelen an deem Departement. Bei bis elo 109 Uertschaften steet Museldepartement. Mat e bëesselchen Zäit a Gedold wäerten déi aner och eng Kéier un d'Rei kommen, jidderee kann do mathëllefen. Les Meloures 09:15, 28 Juni 2007 (UTC)