Diskussioun:Doihl

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Misst, no op d'manst 4 Orthographiereformen zënter dem Antoine Meyer senger, dat Dengen net "Duel" geschriwwe ginn?? --Zinneke 11:46, 1. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Salut,
Op neien topographesche Kaarten ass d'Plaz net méi opgezeechent, op de Kaarte vun de Minièren op deenen d'Konzessiounen dropstinn ass se mat DOIHL (Ougrée) agezeechent. Sou wéit wéi ech weess gëtt haut och nach ëmmer Doihl oder Doil gesot. Op Doihl e Flouernumm war oder op et Ofkierzung vum Numm vun der Exploitation war (vu datt et op de Kaarten a Groussbuschtawe steet) weess ech och net. Les Meloures 12:07, 1. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Recherche. Du schreifs, dass "haut och nach ëmmer Doihl oder Doil gesot" géif. Gëtt dat dann och esou ausgeschwat? Oder dach éischter "Duel"? Menger Meenung no ass "Doihl" einfach den Toponym, wéi en op ale Kaarte stoung, déi nach zum Deel op d'Kartographe vum Maria-Theresia zeréckginn, wou oft entweeder vedäitschte Formen ("Busch" amplaz "Bësch") oder eeben deerër an alen Orthographië stoungen.

Falls et "Duel" ausgeschat géif, misst menger Meenung no och d'Lemma esou heeschen, quitte, dass déi al Form och am Text ernimmt/erkläert gëtt, an e Redirekt gemaach géif. --Zinneke 12:47, 1. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Et steet fest dass den "Doihl" en Lieu-dit war an ass, an dass d'Minière, déi ëm 1870 do entstanen ass, dee Numm iwwerholl huet: "Minière Doihl". Et steet och fest dass "Doihl" déi offiziell Schreifweis bis elo war (a vläicht och bleift). Ech hu nach néierens d'Schreifweis "Duel" begéint.
Op de Numm op d'Kartographe vum Maria-Theresia zeréckgeet ass méiglech. Et muss een awer bedenken dass de Lieu-dit "Doihl" bis 1795 zum Territoire vu Loutrengen gehéiert huet a net zu Lëtzebuerg.
Den Zinneke huet awer Recht wann e seet dass de Lieu-dit haut majoritär "Duel" ausgeschwat gëtt.
--Pecalux 14:41, 1. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien
Wa mat de Kaarte vun der Maria-Theresa d'Ferrariskaarte gemengt sinn, da steet fest datt do den Numm Doihl net drop virkënnt. Ausser Bëschnimm an Nimm vu Waasserleef stinn net vill Flouernimm op deene Kaarten. Nozekucken op http://www.kbr.be/collections/cart_plan/ferraris/ferraris_fr.html
Ech lueden emol d'Konzessiounskaart mat der Seelbunn erop. Déi muss allerdéngs erëm geläscht ginn, well mer fir de Moment d'Erlabnes feelt.
Les Meloures 15:17, 1. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]
Hei ass se:
Fichier:Doihl.jpg


@Les Meloures: Kee stellt a Fro, dass déi Plaz fréier mat "Doi(h)l" transkribéiert gouf. Dass se "Duel" ausgeschwat gëtt, huet eis de Pecalux jo och konfirméiert. Et geet elo just drëms, ob mer dee Lemma vun enger vereelzter Schreiweis op déi haideg réckele sollen (wat ech logesch géif fannen).

A weem dat mat der Transkriptioun vun "ue" als "oi" glunge virkënnt: sou gouf dat am 19. Jh. geschriwwen (cf. am [Virwuert] vum Lexicon der Luxemburger Umgangssprache: " oi wird nicht grad wie oa, auch nicht wie oë oder uë ausgesprochen, sondern theilt sich in diese drei Laute, z. B. Koir, Korn; Woir, Waare; foihren, fahren; verloir, verloren.". --Z.


Remoien,
Vu datt ech net méi do an der Géigend wunnen a bei weiten net sou dacks an deem Eck war wéi de Pecalux, dee besser do Bescheed wees, wéi d'Leit do soen, an ech näischt aneschters als Basis hunn wéi d'Konzessiounskaart op där Doihl steet, oder d'Buch vum Willi Allamo deen d'Seelbunn 'Dratseilbahn der Grube Doihl nennt oder nach Industrie.Lu déi se och ënner Mine Doihl féieren, an eisen Artikel zënter 2007 Minettseelbunn Doihl-Rodanger Schmelz heescht, géif ech et net gutt fannen wa mer dat géifen änneren. Mer missten da jo d'Bunn och ëmdeefen. Ech well mech awer net dorëms streiden, wat am richtegsten ass, a wa gären ee réckelt da stellen ech mech net an de Wee.
Richteg ass schonn datt driwwer geschwat gëtt, net datt spéider ee mengt den Numm wier aus der Loft gegraff.
Hei steet jo lo déi neideg Dokumentatioun a wann aus der Schreifweisursaach geréckelt gëtt, ka jiddereen hei nokucke firwat.
Les Meloures 20:33, 1. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]
Op der de-wiki soe se: Hief Courage! Op deer Koart steet och "Titelberg", deen hu mer och net esou op der lb-wiki iwwerholl. Natierlech misst egal wéi ëmmer e Redirect bestoe bleiwen. --Otets 21:16, 1. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

"Ech hu nach néierens d'Schreifweis "Duel" begéint." Ech och net. A wéi et geschwat gëtt, ass eng aner Geschicht. "dass de Lieu-dit haut majoritär "Duel" ausgeschwat gëtt": Eng Dose Leit aus där Géigend hu mär eppes anescht gesot. All Text, deen ech gesinn hunn, nennt dat Déngen "Doihl". Wat soll dat Gedeessems mat der "Koaart"? Wat soll dann anescht dropstoe wéi DOIHL? --Cornischong 07:15, 2. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]