Diskussioun:Dräidar

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Also ech sin och am Besëtz vum Henri Klees sengem Buch "Luxemburger Pflanzennamen" (Editioun 1994), an do steet iwert den Dräidar awer eppes ganz anescht dran! Wann een nämlech hannen am Index mat den wëssenschafltechen Nimm no "Berberis vulgaris" sicht (Säit 112) dann gët een vun do op d'Spléck Nr 84 geschéckt, an do steet hannert der Bezeechnung "Berberis vulgaris" riets, dass daat bei eis "Dräidar, Dräidur M (cf. Kreuzdorn)" as. Ech haat nämlech dono gesicht, well ech wëssen wollt, waat Berberitze as. Am Här Klees sengem Buch steet dann och nach dran, dass d'Berberitze och Kreuzdorn genannt gët. Ech hun dat och nogesicht an font, dass am Här Klees sengem Buch och ënnert dem Punkt 577 den Rhamnus cathartica als Kreuzdorn, resp. Berberitze bezeechend gët, esou wéi Dir ët hei beschriwen hutt. Kann ët dofir nët sin, dass dem Här Klees an sengem Buch en Fehler ënnerlaaf as?

Moien, keen ass onfeelbar, och den Här Klees, dee vill an akribesch Aarbechte gemaach huet, ka sech op enger Plaz g'iert hunn. Leider kënne mer en net froen, en ass virun e puer Joer gestuerwen. Allgemeng muss ee virsichteg si mat "vernakulare" lëtzebuergesche Planzen- an Déierennimm: Dacks sinn dat tradéiert Nimm, déi, jee no botanescher Kenntnis vun deem, deen als Gewärspersoun vun den Dictionnairesmécher ausgefrot gouf, méi oder manner prezis sinn. Esou ginn et alt déi selwescht Lëtzebuerger Nimm fir ganz ënnerschiddlech Aarten. Wann Dir elo inspiréiert sidd, en Artikel iwwer d'"Berberis vulgaris" ze schreiwen: Nëmme lass :-) Besch Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 15:24, 10. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]