Diskussioun:Eesbech

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

[quote]Eesbech ass eng Uertschaft un der Our[/quote] ?? Eesbech as weder eng Uertschaft un der Our nach sos enzwou a Letzebuerg. Eesbech get et als Uertschaft laut "Nomenclature des localités du Grand-Duché de Luxembourg" guer net ! ????

schéine Bonjour Azeton

Dat ass scho richteg, mais et gëtt nunmol d'Uertschaft oder d'"Sammeluertschaft" Eesbech, zumindest gouf et se fréier an d'Leit an deene 3 Uertschaften soen Eesbech. --PlayMistyForMe 14:50, 27. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Entweder gouf et se, oder et get se nach, oder et get se net méi, oder et get se net méi an der Form. Da wär et korrekt, dat och esou ze formuléiren, dat et engem Noschlowierk gerecht get, amplats de Lieser, den t´Informatioun net huet a se nosiche geet, am Onkloren ze loossen..... g´eif ech mol mengen ?!? AZ

Gudde Moien,
Wéi wir et wa mer den Text esou änneren:
Eesbech ass déi generell Bezeechnung fir dräi Uertschaften:
D'historesch Donneeën kann ee jo dann an den Abschnitt Geschicht setzen.
--Pecalux 09:18, 28. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Merci Pecalux, deng Propose gouf ëmgesat. Cornisch... resp. Azeton, huelt Iech e Beispill dorunner a schafft endlech rëm konstruktiv mat oder halt Iech einfach weg a sammelt Timberen oder Velossuedelen... --PlayMistyForMe 13:30, 28. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]


???? @ PlayMistyForMe JessesMariaJousef, a watfireen Jickeclub sin ech dan hei erageroden ? Ech wees net wat hei esou als normalen Emgangstoun gepflegt get, mä mat ärem schengt et ne wäit hier ze sin PMFM. Wann dat de Nivo op der letzebuerger Wiki as, wonneret mech eijentlech näischt méi. Ech géif Iech héiflechst an dringend bieden, mech opzeklären, wat "Cornisch..." bedeit an dann dat erem zreckzehuelen, wat der Do warscheinlech am jugentlechen Liichtsenn, aus purer Dommheet oder wéinst wat fir enger Frustratioun och emmer, dohigeresselt huet!!! Villmols Merci.

Meng net, 't giff een drop agoen :p --Kasperlek 13:56, 29. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Nei Definitioune vum Kadaster[Quelltext änneren]

Moien,

Dommerweis geheien déi nei Definitioune vum Kadaster dat Ganzt op d'Kopp.

Fir déi ass Eesbech déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng Housen.

Les Meloures 17:38, 5. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

  • Merci. Et bleift awer eng Tatsaach, datt et um Terrain 3 Uertschafte ginn an och mat Schëlter esou markéiert sinn: Ënnereesbech (L), Uewereesbech (L) an Iwwereesbech (D). Mir kéinten déi verwaltungstechnesch Siicht vum Kadaster am Artikel umierken, awer dobäi bleiwen, soulaang d'Schëlter um Terrain existéieren? --Christian Ries 07:39, 7. Mee 2010 (UTC)[äntweren]
Remoien,
Do kënnt dann nach derbäi datt op verschiddene Stroossekaarten an op GoogleEarth Eisenbach als Uertschaft agezeechent ass.
Perséinlech gesinn ech mat sou lokale Gebräich fir eppes ze nennen e klenge Problem op der Wikpedia. Déi Explicatioune si gutt um Rand, fir se korrekt ze begrënne, gëtt scho méi schwéier. Et gëtt där Uertschaften nach en etlech am Land.
1) Beispill Uwer- an Nidderpallen: Wann déi Biekerecher op Pallen ginn, da gi se op Uewerpallen. Déi Näerdner mengen Nidderpallen dermat.
2) Käerjeng: Wann d'Leit aus der Géigend op Käerjeng ginn, ass domat ëmmer Nidderkäerjeng gemengt.
Ech géif besser fannen, fir esou Saachen op Homonymiessäiten ze erklären.
Dobäi kënnt dann nach datt déi offiziell Nimm Eisenbach, an Obereisenbach, nach den Numm vun en etlechen Uertschaften an Däitschland ass.
Dat sinn e lauter sou Kléngegkeeten, déi och bei ville Redirekten op den däitschen oder franséischen Uertschaftsnumm iwwersi goufen.
An deem Beräich bleift och nach vill nozekucken.
Les Meloures 08:57, 7. Mee 2010 (UTC)[äntweren]