Eesbech

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eesbech
Bild 1. Eesbech vu Südwesten aus gesinn. Lénks Ënnereesbech, hannendrun duerch den Hiwwel verdeckt Uewereesbech. Riets uewen Iwwereesbech an Däitschland.
Bild 2. Eesbech vun Osten aus gesinn. Vir Iwwereesbech an Däitschland; hanne lénks Ënnereesbech an hanne riets Uewereesbech zu Lëtzebuerg.

Eesbech ass déi generell Bezeechnung fir dräi Uertschaften op der Our:

Déi vereinfacht Bezeechnung Eesbech ass a béide Länner bei der Bevëlkerung ganz geleefeg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis 1815 war Eesbech eng Gemeng déi aus deenen dräi Uertschafte bestanen huet.

Wéi nom Wiener Kongress 1815 d'Grenzen an Europa nei gezunn goufen, an 1816 e Grenzvertrag tëscht Holland a Preise gemaach gouf, gouf d'Gemeng gedeelt. Déi Lännereien um lénksen Uwänner vun der Our mat der Uertschaft Iwwereesbech goungen u Preisen, an déi riets vun der Our blouwe bei Lëtzebuerg.

D'Filmregisseurin Geneviève Mersch huet 1996 den Dokumentarfilm mam Titel Iwwer an eriwwer iwwer dës Uertschafte gedréint, dee sech ë. a. mat den Nowéie vum Zweete Weltkrich befaasst.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eesbech – Biller, Videoen oder Audiodateien