Iwwer an eriwwer
| Film | |
|---|---|
| Produktiounsjoer | 1996[1] |
| Première | 1997 |
| Dauer | 35 min |
| Originalsprooch | Lëtzebuergesch, Däitsch |
| Ekipp | |
| Regie | Geneviève Mersch |
| Dréibuch | Geneviève Mersch |
| Musek | Jeannot Sanavia[2] |
| Produktiouns- gesellschaft | CNA |
| Schauspiller | |
| keng (Documentaire) | |
|
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre | |
Iwwer an eriwwer ass e lëtzebuergeschen Documentaire vun der Geneviève Mersch. De franséischen Numm vum Film war Au milieu coule la rivière.[3]
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Am Film geet et ëm d'Awunner vun Eesbech, vun deenen een Deel op der lëtzebuergescher Säit an een Deel op der däitscher Säit wunnt, a méi speziell ëm den Impakt, deen den Zweete Weltkrich op d'Liewe vun den Awunner hat.[3]
Soss
[änneren | Quelltext änneren]D'Geneviève Mersch huet d'Dréiaarbechten als "Cauchemar" bezeechent, well hir Interviewpartner op bestëmmte kritesch Froen net wollten äntweren. Si sot: "E puer Leit hunn sech fräiwëlleg an d'Wehrmacht gemellt. Hir Zuel a Motivatioun konnten nach net gekläert ginn."[4]
D'Première vum Film war am Utopolis, zesumme mam Documentaire Call Her Madam vum Paul Lesch.[1]
Iwwer an eriwwer gouf och op der Woch vum Lëtzebuerger Dokumentarfilm gewisen, déi 1998 vu Samsa Film an dem CNA organiséiert gouf.[5]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Rapport d'activité du Ministère de la culture 1997, Mäerz 1998, Säit
- ↑ De Film op der Websäit vum Jeannot Sanavia
- 1 2 cinergie.be: J'ai toujours voulu être une sainte de Geneviève Mersch (1. Oktober 2002)
- ↑ woxx.lu: DOKUMENTÄR: Déi laang Nuecht (10. September 2004)
- ↑ Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 193
