Diskussioun:Emile Majerus

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Fir datt deen Artikel, ka bestoe bleiwen, muss en nach méi an eng enzyklopedesch Form bruecht ginn.

Wann de Mann ausgestallt huet wier et gutt ze wësse wou.

Et misst och opgefouert gi water Auszeechnungen e kritt huet.

Intressant wier et och fir eventuell eng Foto vum him op der Wiki ze hunn, oder wéinstens eng passabel Foto vun engem vu senge Biller.

Merci am Viraus.

Les Meloures 14:12, 5. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Bonjour,

Ech äntwerten mol hei well ech woust net wéi et soss anescht machen. Ee Bild vu mengem Grousspapp wor a Frankräich gewiecht wou et eng Auszeechnung krut (en Ueleg)Wéi eng, dat misst ech no sichen well leider meng Elteren lo verstuerwe sinn an ech mech emmer zefridde ginn hunn domat ze wëssen dass mäi Grousspapp dat krit hat. Wat mäi Papp erzielt hat wor dass de Grousspapp als beschten Aquarellmoler eraus kom wir senger Zäit (awer och hei muss ech no kucken wéini...). Austellungen hate mir gemach um Buerchder-Schlass, zu Dikrech am Mosaik-Musée, zu München an enger Galerie, zu Mondorf am Parc. Et sinn Biller an den Archiven am Statsmusée. A wéi ech lo eraus font hunn sollen am Minett Biller ausgestallt sinn, wat ech och wollt nosichen, well dat ons bis dato net bekannt wor.

Eng Foto vun him oder vun engem Bild vun him dierft kee Problem sinn.

Gitt mer wegl. eng Chance, well ech hunn am Moment net déi Zäit fir alles direkt no ze sichen.


Merci.

Mat Gréiss

Majerus Léonie Bettel

08.04.2010


Gudden Owend,
Hei ass schonn déi richteg Plaz fir ze Äntwerten.
Et ass näischt wat fortleeft. Hei op der Wiki bleift nach fir en etlech Joer Aarbecht.
Les Meloures 20:59, 8. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Diskussioun: Emile Majerus[Quelltext änneren]

Gudden Owend,


Zanter laange Joren sichen ech e.a. Biller vum Emile Majerus resp. Informatiounen iwwert hien. De Lambert Herr huet e puer Zeilen a sénger "Anthologie des Arts au Luxembourg" (Ed Borschette) iwwer de Majerus geschriwwen, méi an ausser dem Burschenter Katalog, deen éch awer net hunn, kennen éch net. Den Emile Majerus war e gudde Frënd vu méngem Papp, si hun allebéid laang Joeren zesummen an der Chorale Grand-Ducale zu Dummeldéng gesongen, wou de Majerus och Dirigent war. Ech hun hien och nach kannt.

An de 50er Joren huet den Emile Majerus dann du méngem Papp och e schéinen Aquarell gemolt: D'Cabane vu Masseler (51x53).Dat Bild huet nach haut eng Eiereplaatz doheem a méngem Bureau . Ech weess dass am Proufsall vum Dummeldénger Gesank nach dat eent oder aanert Bild misst hänken, denken awer dass se a kengem Katalog ze fanne sinn esou och wéi mäi Bild doheem.

Ech waer frou fir all Info iwwer den Emile Majerus an och fir eventuell Fotoe vu Biller. ech schécken och gaer eng Foto vu méngem Bild.

Emile Hermes Directeur honoraire vum Lycée technique du Centre 142, rue de Hamm L-1713 Lëtzebuerg emile.hermes@education.lu

Foto era setzen[Quelltext änneren]

Ech kréie keng Foto dra gesat, leider. Mat Gréiss,

LMajerus

Moien och, wann dir gär eng Foto an den Artikel setzt da musst dir déi fir d'éischt eroplueden. Op dëser Säit gitt dir gewuer wéi dat funktionéiert. --Les Meloures (Diskussioun) 13:37, 16. Aug. 2015 (UTC)[äntweren]

Monsieur Hermes[Quelltext änneren]

Bonjour Här Hermes,

Leider hat ech laang net gesinn datt dir geschriwwen hat. Et deet mir leed. Ech hunn awer elo déi lescht Méint versicht un Iech ze kommen, leider war et net méiglech. Mat frëndleche Gréiss,

LMajerus