Diskussioun:Escarpe

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wann et een "talus" ass, da gëtt et jo e lëtz. Wuert dofir: "en Talli, vill Tallien". --Cornischong 09:01, 30 Mee 2007 (UTC)

E frëndlech gudde Moie gewëscht
Wann et een Talli wier, hätt ech den Artikel och esou gedeeft. Fotoe vun Tallien hun ech, vu groussen a vu klengen, leider nach keen Artikel. Les Meloures 09:29, 30 Mee 2007 (UTC)
Rebonjour
Hei geseit ee riets a lénks vun der Eisebunn Tallien

(vum Les Meloures)

Wann et keen Talli wier, da géif den TLF net schreiwen (ënner "escarpe") "Talus maçonné ou en terre qui borde le fossé du ....." --Cornischong 10:11, 30 Mee 2007 (UTC)

Rerebonjour
Hei gesäit ee riets eng Escarpe oder villméi eng Contre-escarpe a lénks an der Mëtt vum Bild en Talli. En Talli ass bekanntlech eppes wat schréi ass, wat bei der Escarpe an der Contre-escarpe ni de Fall ass. Ech hu schonns vill Forte gesinn mee nach kee mat Tallien well do nämlech d'Tankse liicht kënnten erafueren amplaz datt se géifen dran trëllen. Och bei méi ale Festunge wéi beim Vauban waren déi Mauren ni schréi, soss wier et zevill einfach gewiescht fir d'Zaldote vir driwwer ze kommen. Am Fall wou Schréiejten dra si schwätzt Militärarchitektur vun engem Talus de Rempart
Mee en Artikel iwwer den Talli ass no dem heiten Talk nach ëmmer net geschriwwen. Weess den TLF och eppes dodriwwer, da ginn ech mer e kafen an da maachen ech den Artikel iwwer den Talli. Les Meloures 10:33, 30 Mee 2007 (UTC)


Nach méi kloer
Wann och eng Escarpe als eng Zort Talli kéint betruecht ginn ass nach laang net all Talli eng Escarpe. Les Meloures 10:40, 30 Mee 2007 (UTC)
"Weess den TLF och eppes dodriwwer, da ginn ech mer e kafen " Kee Problem. Et geet an deem Fall duer, fir de Band 15 vum TLF ze kafen. De "talus" steet op der Säit 1335.
Fir sécher ze goen, ass et awer net schlecht fir e Bléck an de Robert, neen, net de "Petit Robert, ze geheien: "Fortif. (anciennt). Talus de terre ou de maçonnerie construit au-dessus du fossé, du côté de la place. Crête d'un mur d'escarpe. - Magistrale. Escarpe et contrescarpe. Archit. Mod. Talus d'un mur jusqu'au cordon.
Mee, wien hält sech mat esou Dictionnairen op, wann et an der fr-Wiki kloer steet. Do gëtt ee jo och gewuer, datt "contrescarpe" e Bindestréch kritt.

"eng Escarpe als eng Zort Talli kéint betruecht ginn": kéint betruecht ginn; kéint ... Wie brauch schonns en Dictionnaire wann e Recht huet? --Cornischong 12:13, 30 Mee 2007 (UTC)

Salut
Hei ass et am Ufank net drëm gaange wie mat wat recht huet.
Du schreiws: Wann et een "talus" ass, da gëtt et jo e lëtz. Wuert dofir: "en Talli, vill Tallien".
Wat hues de genee domat bezweckt. A kengem vun den zwéin Artikelen steet dat Wuert talus dran.
Dofir sinn ech dervun ausgaangen datt dann denger Meenung no den Artikel Talli sollt genannt ginn.
Dat ass mir och nach egal. Mee wat maache mer mat all den aneren Tallien déi keng Escarpen oder Konterescarpe sinn. A wéi géife mer se op Lëtzebuergesch nennen Baussechten Tali vum Gruef vun der Festung a Bannenzechte Tali vum Gruef vun der Festung. A wann et dann ëm d'Beschreiwung vun engem Fort geet wou z.B. Schéisslächer an der Escarpe sinn, déi dee Moment eng Bëtongsmauer ass déi vertikal do steet. Soe mer dann, si sinn am Talli.
Datt déi zwéin Artikelen net komplett sinn ass kloer dofir steet jo och nach Skizz driwwer mat allem wat dat soe wëllt.
Ech si mat all valabeler Propose fir en anere Lemma d'accord. Wa mer keng sollte fannen proposéieren ech déi zwéin Artikelen ze läschen an an de Beschreiwunge vun de Forten dat Wuert net ze gebrauchen, oder am beschte keng Artikelen iwwer Forten ze maachen da si mer Problem ganz lass. Les Meloures 12:55, 30 Mee 2007 (UTC)
Wat d'Schreifweis vun der Contrescarpe ugeet steet dat heiten an der fr:Wiki La contre-escarpe ou contrescarpe. Ech hunn dozou och an Dictionnaire ronderëmgeschnoffelt a weeder dat eent nach dat anert fonnt. Wa ech dann eng Kéeir erausfonnt hunn watereent vun deenen zwee dat richtegt ass, ass dee Problem séier geléist. Les Meloures 13:12, 30 Mee 2007 (UTC)
Wat ee méi sicht wat d'Auswiel méi grouss gëtt. Et gëtt a Frankräich Plazen déi Place de la Contre Escarpe heeschen. Mer fannen och nach vläicht mat vill Méi eng véiert Schreifweis.

Perseéinlech wir fir mech wann een et vum réng lëtzebuergesche kuckt Konterescarp oder Conterescarp eng gutt Léisung Les Meloures 13:26, 30 Mee 2007 (UTC)

Terminologie[Quelltext änneren]

Salut, Ech hunn no räiflecher Iwwerleeung emol déi 3 Schreifweise fir Contre-escarpe/Contrescarpe/Konterescarpe mat an den Artikel geschriwwen; déi éischt 2 hunn ech bei menge Recherchen dachs begéint, während déi drëtt Schreifweis déi lëtzebuergesch Phonetik erëm gëtt, vu datt am Lëtzebuergesche gären déi franséisch Endung -re an -er ëmgedréint gëtt.
Wat den Talli ugeet, esou schéngt et mir, wéi wann den Talli sech zur Escarpe verhält wéi d'Buergmauer zur Courtine - dat eent schéngt d'Weiderentwécklung vun deem aneren ze sinn. Well ech awer keng kloer Indicatiounen dofir fonnt hunn, hunn ech emol sämtlech Referenz op den Talli eraus gelooss, déi Saach wëll ech awer nach klären.
Bescht Gréiss,
--Roude Leiw2001 14:51, 22. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien,

Dat wäert scho gutt esou sinn. Les Meloures 16:29, 22. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]