Diskussioun:Escher Bibliothéik
Ausgesinn
- Wat ass richteg 1930 (Datum an der Këscht) oder 1922 (Datum am Text)? --Les Meloures (Diskussioun) 17:36, 18. Abr. 2021 (UTC)
- Den Datum 1930 ass warscheinlech richteg. Ech hunn an den Zeitunge vum 18. Dez. 1930 eng Annonce fonnt, wou e matdeelt, datt e seng Wunnecht a Büroe vum 20. Dezember un op 26, rue Emile Mayrisch hat. D'Villa Deitz war also net nëmme seng Wunnecht, mee och seng Aarbechtsplaz. MMFE (Diskussioun) 08:49, 19. Abr. 2021 (UTC)
- Dann passt dat mat grousser Wahrscheinlechkeet. Hues du d'Links zu deene Referenzen? Merci. --GuthJan (Diskussioun) 09:02, 19. Abr. 2021 (UTC)
- Hei de Link fir d'Annonce: kintzelé MMFE (Diskussioun) 10:30, 19. Abr. 2021 (UTC)
- Niewent him huet seng Liewenspartnerin Léonie
- War et seng Liewenspartnerin oder seng Fra oder béides? --Les Meloures (Diskussioun) 17:52, 18. Abr. 2021 (UTC)
- Et woar seng Froa. Ech hunn et am Text ergänzt. Ech wollt just evitéiren "seng Froa" ze schreiwen an eng méi neutral Schreifweis ze fannen. --GuthJan (Diskussioun) 09:02, 19. Abr. 2021 (UTC)
- Liewenspartnerin ass awer leider net als neutralen Ausdrock ze gesinn. Et ass ass héchsten en allgemengen onkloeren Ausdrock. --Les Meloures (Diskussioun) 09:47, 19. Abr. 2021 (UTC)
- Et woar seng Froa. Ech hunn et am Text ergänzt. Ech wollt just evitéiren "seng Froa" ze schreiwen an eng méi neutral Schreifweis ze fannen. --GuthJan (Diskussioun) 09:02, 19. Abr. 2021 (UTC)
- och nach ënnert der Ofkierzung BESA bekannt
- Bei weem ausser enger Handvoll Insideren ass se nach als BESA bekannt. De google fënnt keen Text mat Bezuch op BESA als Escher Bibliothéik. --Les Meloures (Diskussioun) 07:35, 21. Abr. 2021 (UTC)