Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Fënnefbuerer Millen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 12 Joer vum MMFE am Sujet Untitled

Untitled

[Quelltext änneren]

Moien,

D'Tessy Glod schreift vun enger zerfalenener Millen. Op der Foto gesäit dat Gebai awer nach guer net esou zerfalen aus. Et schéngt och kee Millegruef bis dohinner ze goen. Dofir huelen ech mol un datt dat Gebai de Bauerenhaff ass deen zum Klouschter gehéiert huet. An der Noperschaft vum Klouschter gouf et och nach eng Millen déi als Massener Mille bekannt ass. Ass dat vläicht déi selwecht wéi d'Fënnefbuerer Millen. Oder wat seet den Ierpeldeng vun där Millen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:21, 14. Sep. 2013 (UTC)Äntweren

Moien, de Koordinaten no ass et dat nërdlechst Gebai zu Cinqfontaines, zimmlech no bei der Baach an der Eisebunn. De Millegruef ass eventuell zougeschott ginn.--MMFE (Diskussioun) 14:49, 14. Sep. 2013 (UTC)Äntweren