Diskussioun:Flamma

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech ginn dervunn aus, dass "FLAMMA" keen Akronym ass. Da misst et och normal "Flamma" geschriwwe ginn, oder gëtt et e Grond fir déi Alles-Groussschreiwung? --Zinneke 13:27, 12. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Jo, et gëtt e Grond: Si, d'FLAMMA, schreiwe sech selwer ëmmer grouss, souwuel op hirer Websäit wéi och an hire Publikatiounen. Ech perséinlech gesi "FLAMMA" eigentlech méi als Logo. De Veräin heescht offiziell "Société pour la propagation de l'incinération a.s.b.l.". -- Pecalux 14:18, 12. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

En Unhaltspunkt datt "FLAMMA" en Akronym ass, hunn ech och net font. "FLAMMA" schéngt einfach nëmmen dat laténgescht Wuert fir "Flam" ze sinn.

Well an der FLAMMA-Brochure am Text "Flamma" ze liesen ass, schéngt déi Alles-Groussschreiwung net onbedéngt noutwedeg ze sinn.

An de Statue vun der FLAMMA steet: L’association est dénommée SOCIETE POUR LA PROPAGATION DE L’INCINERATION, FLAMMA. An de Statute vun 1977 stung de "FLAMMA" allerdéngs nach net hannendrunn.

--Fliedermaus 14:59, 12. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech gesinn och kee Grond vun der Alles-Groussschreiwung. Op hirer Websäit steet et oft grouss awer net ëmmer. Sou z. B. ënner Le testament steet et kleng "En devenant membre de Flamma..." [1] Op der Däitscher Versioun steet et dann awer grouss [2] Si schéngenn sech selwer net eens ze sinn, dofir solle mir et normal schreiwen. --Sultan Edijingo 13:26, 13. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]