Flamma

Vu Wikipedia

Flamma ass de gebräichlechen Numm vun der Société pour la propagation de l'incinération a.s.b.l., déi 1906 gegrënnt gouf.

Flamma erlaabt et deene Leit, déi dat wëllen, no hirem Doud an engem Krematorium ageäschert ze ginn. D'Anäscherung, déi zanter 1972 dem Buedembegriefnes gesetzlech gläichgestallt ass, gouf laang Zäit vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg ganz schif ugesinn, a Leit, déi sech "verbrenne" gelooss hunn, kruten e reliéist Begriefnes refuséiert, si sinn "zivil" begruewe ginn.

Op den 31. Dezember 2006 hat de Veräin 15.278 Memberen. Am Zäitraum tëscht dem 1. November 2005 an 31. Oktober 2006 goufen 317 Memberen duerch de Veräin ageäschert.

Vun der Grënnung bis Enn 2006 sinn duerch Vermëttlung vum Veräin iwwer 11.000 Anäscherunge gemaach ginn.

Deen eenzege Krematorium fir Mënschen zu Lëtzebuerg steet zu Hamm, en ass 1995 opgaangen.

Aktuelle President vun der Flamma ass den Aloyse Schmitz.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Krematorium zu Hamm

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]