Diskussioun:Foussball am No Mans Land

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Am No Mans Land[Quelltext änneren]

Hei liese mer vun enger Saach, vun där mer gewuer ginn datt et "an den Tranchéen op der Front a Frankräich während dem Éischte Weltkrich" war. Mer kréien net gesot wou. Eng Quell brauche mer, wéi et schéngt, net an Interwikilinke ginn et keng. --Cornischong 22:50, 12. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Salut:

Fir d'Quell unzeginn dierft kee Problem sinn. Et dauert just e bësselchen. Ech muss ongeféier 300 Hefter op de Späicher siche goen a se duerchbliederen. Loosse mer hoffen datt ech et an engem vun den éischte fannen. Ech verspriechen awer datt ech Prioritéit dodroper setzen, a meng Zäit mat näischt annerem vebëtzen bis ech dat fonnt hunn.

Et wier allerdéngs méi einfach gewiescht wanns de mech virun engem Joer, wéi mer dodriwwer geschwat hunn dodrop opmierksam gemaach häss. Dann hätt ech elo vill Aarbecht gespuert. Mee näischt fir ongutt.

Les Meloures 23:29, 12. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech komme weider an der Saach. Et stoung an enger Look and Learn vun der IPC Magazines. Joer 1978 oder 1979.
D'Sich no der Nummer vum Heft geet weider. Les Meloures 13:04, 13. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]