Foussball am No Mans Land

Vu Wikipedia

De Foussballmatch am No Mans Land am Joer 1914 ass an d'Geschicht vum Foussball als ee vun de korjéiste Matcher agaangen, deen et wuel ginn ass.

Et war e Frëndschaftsmatch tëscht engleschen an däitschen Truppen déi sech an den Tranchéen op der Front a Frankräich wärend dem Éischte Weltkrich bekricht hunn.

Et war Chrëschtdag 1914, wéi d'Englänner gesinn hunn, datt déi däitsch Truppen op hirer Linn Chrëschtbeem opgestallt hunn. Gläich drop sinn déi Däitsch mat Lanteren aus hire Lächer koum an hu gewénkt. D'Englänner hu sech net laang fléiwe gelooss a sinn och aus den Tranchéeën erauskomm, a si hu sech an der Mëtt tëscht de Linne getraff.

Et gouf ausgemaach den Dag duerno e Foussballmatch ze maachen, wat och geschitt ass.

Déi däitsch Ekipp hat mat 3-2 gewonnen.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • La Guerre de 1914-1918, L'album de la grande Guerre, Jean-Pierre Verney, Jérome Pecnard, Éditions France Loisirs. ISBN 2-7441-7568-4. Säit 110.