Diskussioun:François Laurent

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, hei huet eng léiw IP ons eng Verbesserung op staatlech Universitéit gemaach (natierlech ouni Referenz). Huet vläicht een duerch Zoufall Indikatiounen, wéini de Laurent François wou studéiert huet. Zu Léiwen kéint et quokleg ginn, op déi staatlech oder déi duerno kathoulesch war. Duerfir wieren Datummen erwënscht. Merci am Viraus. --Les Meloures (Diskussioun) 12:29, 13. Jul. 2014 (UTC)[äntweren]


Zu Léiwe/Louvain gouf et der Rei no 3 Universitéiten:

1] Eng éischt, d' Universitéit vu Louvain/Léiwen, déi vum Herzog vu Brabant, mam Sege vum Poopst, am Spéitmëttelalter gegrënnt gouf an déi am spéiden 18. Joerhonnert opgeléist gouf;

2] eng zweet, déi Staatlech Universitéit vu Louvain/Léiwen, déi 1816 - zesumme mat den Unië vu Léck a vu Gent - vum sougenannten hollännesche Régime (-> Wëllem I.) gegrënnt gouf;

well awer 1834 zwou aner Universitéiten hir Diiren an Zentralbelgien opgemaach hunn, an zwar zu Mechelen (=> Kathoulesch Universitéit vu Belgien, eng Créatioun vum belschen Episkopat) an zu Bréissel (=> Fräi Universitéit vu Belgien, spéider "vu Bréissel", vun de Fräidenker als Reaktioun op déi "pafesch" Grënnung zu Mechele gegrënnt), ass déi Staatlech Uni vu Léiwe schonn 1835 zougemaach ginn.

3] Déi Kathoulesch Universitéit vu Belgien, déi zu Mechelen ageriicht gi war, huet direkt 1835 d'Gebäier a soss Facilitéite vun der ofgeschafener Staatlecher Uni vu Léiwen iwwerholl a sech geschwënn nach just Kathoulesch Universitéit vu Louvain/Léiwen genannt. Haut nach mécht d'KUL-UCL, déi "nëmmen" op 1834 zréckgeet, wéi wann si nach ëmmer déi al Uni aus dem Mëttelalter wier. D'Stad Léiwen huet eng al universitär Traditioun, d'KUL-UCL ass relativ rezent.

Wann de François LAURENT zu Louvain studéiert huet, da ganz sécher virun 1835, op der 2. Uni vu Louvain/Léiwen. A wann hie mat sengem Studium nach net fäerdeg gewiescht wär, oder wann hie Loscht gehat hätt, méi prestigiéis Proffen ze héiere wéi zu Louvain/Léiwen, dann hätt e kënnen entweder op Léck oder op Gent weiderfueren. D'ULB huet deemols ganz bescheiden ugefaang... a war deemno nach net besonnesch attraktiv. Dat gesot: De Fr. Laurent huet säin Dokter (deemols = 4. Joer) schonn 1832 (mat 22 Joer) gemaach. Vläicht huet den Ausbroch vun der Belscher Revolutioun och dozou bäigedroen, datt en d'Uni gewiesselt huet...

Chris


Eng Fro: De Fr. Laurent huet héchstwahrschäinlech déi belsch Nationalitéit kuerz no 1839 ugeholl. Deemno wier hien ee belsche Jurist mat lëtzebuergesche Wuerzelen.

Chris