Diskussioun:Fritz Hartmann (Gestapo)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Fritz Hartmann (Krichsverbriecher)": E Bléck an eng seriéis Enzyklopedie (E. Universalis, E. Britannica, .....) misst duer goen, fir ze gesinn, datt Persounen net als Krichsverbriecher lemmatiséiert ginn. --Cornischong 22:28, 27. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

E Bléck an eng kollaborativ Enzyklopedie wéi d'Wikipedia goung duer, festzestellen, dass, wann ee sécher ass, dass een eppes verbessere kann, een dat roueg selwer maachen dierf, an net laang op Diskussiounssäiten driwwer schreiwe muss. --Zinneke 09:27, 3. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Déijéineg, déi e bëssen d' Gewunnecht hunn, an enger Wikipedia matzeschaffen, wëesen, datt am Fall, wou en "EnCours"-Schëld iwwer engem Artikel steet, ee waarde soll, bis datt déi Situatioun eriwwer ass. Fir déi, déi net esou dacks hei opdauchen, steet dofir uewendriwwer "Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart w.e.g. mat ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass". Ofgesinn dovunner, ass et geleeëntlech net einfach, Leit, déi deeërmoosse vun eppes iwwerzeegt sinn, fir nei Virschléi ze begeeschteren. An: Sou wäit mär bekannt ass, sinn d'Diskussiounssäite vun engem Artikel dofir do, Kommentaren oder Virschléi, déi direkt eppes mat deem Artikel ze dinn hunn, dranzeschreiwen. Datt emol deen een oder deen aneren dobäi de "kollaborativen" Toun vergësst, ass natierlech ze verstoen. --Cornischong 09:56, 3. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]