Fritz Hartmann (Gestapo)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Fritz Hartmann, gebuer de 7. Juni 1906 zu Rabenstein am Kinnekräich Sachsen a gestuerwen den 19. Oktober 1974 zu Düsseldorf, war vum 8. Mäerz 1941 bis den 9. Abrëll 1943 Chef vum Einsatzkommando der Sicherheitspolizei und des SD (Gestapo) zu Lëtzebuerg.

Hie war an där Funktioun President vum Standgeriicht, dat nom Generalstreik vun 1942 (31. August bis 1. September 1942) aberuff gi war: 21 Lëtzebuerger goufen zum Doud veruertelt an duerch Erschéissen higeriicht.

De Gestapochef zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D' Villa Pauly, Siiège vun der Gestapo zu Lëtzebuerg
Affichet mat den Nimm vun engem Deel vun deenen, déi vum Standgericht, deem säi President den Hartmann war, zum Doud veruerteelt goufen.

Vu senger Formatioun hier war de Fritz Hartmann Jurist, an hat den Titel Oberregierungsrat.

Als SS-Obersturmführer huet hien den 8. Mäerz 1941 de Wilhelm Nölle als Gestapochef zu Lëtzebuerg ofgeléist, well deen d'Pläng vum Gauleiter Gustav Simon géint d'Judden zu Lëtzebuerg net wollt matdroen.[1] De Fritz Hartmann awer war bereet, dës Funktioun z'iwwerhuelen.

Den Hartmann war 35 Joer al, wéi hien zu Lëtzebuerg Gestapochef gouf. Seng Aarbechtsplaz, an déi domat verbonne Folterplaz, waren an der Villa Pauly. Gewunnt huet hien an enger Villa an der rue de Crécy.[2]

Vu 1941 bis 1943 huet den Hartmann dausende Lëtzebuerger an der Villa Pauly péngechen a foltere gelooss, an honnerte vu Resistenzler op Hinzert an an aner Konzentratiounslager verschleefe gelooss.

Vum Gauleiter Simon gouf hien am September 1942, nom Generalstreik zu Lëtzebuerg, zum President vum Standgeriicht nominéiert. An ëffentleche Sëtzungen huet den Hartmann déi gefaange Streikleit beleidegt, an 21 vun hinnen a Schäinprozesser zum Doud veruerteele gelooss: si goufen am Bësch bei Hinzert erschoss. Dobäi hate si soss näischt gemaach wéi, ouni Gewalt ze gebrauchen, géint d'Zwangsrekrutéierung zu Lëtzebuerg ze protestéieren.

Den Hartmann war wéinst sengem onziviliséierte Behuelen an der Ëffentlechkeet bekannt. Am fréiere Casino Luxembourg an der Ënneschtgaass (rue Notre-Dame), an deem d'Nazien hiert Kameradschaftshaus der NSDAP ageriicht haten, a wou regelméisseg Partyowenter fir d'Parteibonzen organiséiert goufen, koum et den 30. Mäerz 1943 zu enger Kläpperei tëscht dem Gestapochef Hartmann an dräi anere Nazimänner. Den Hartmann huet doropshin déi Dräi festhuele gelooss, wouno se an der Villa Pauly maltraitéiert goufen.

Eng Woch drop, de 7. Abrëll 1943, gouf den Hartmann vum Chef vum Einsatzkommando der Sipo und dem SD als Chef vun der Gestapo zu Lëtzebuerg ofgesat. No enger Formatioun an enger SS-Führerschule koum hie bis zu Enn vum Krich un d'Ostfront.

Säi Prozess[änneren | Quelltext änneren]

Den 13. Juni 1946 gouf den Hartmann zu Aichbach (haut Gemeng St. Leonhard am Forst an Nidderéisträich) festgeholl an zréck op Lëtzebuerg bruecht, wou him de Prozess virum Krichsverbriechergeriicht gemaach gouf.

Den Hartmann gouf zum Doud veruerteelt, spéider awer, op Interventioun vum Kanzler Konrad Adenauer, begnodegt.[3]

Den 19. Dezember 1957 gouf den Hartmann als leschte Krichsverbriecher zu Lëtzebuerg fréizäiteg aus dem Prisong entlooss an zu Waasserbëlleg iwwer d'Grenz gesat. Gläich drop krut hien zu Düsseldorf eng Plaz an engem Affekotecabinet.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Aloyse Raths, 2006. Gestapo-Chef Fritz Hartmann. Rappel: bulletin trimestriel de la Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques 2006/3, S. 387-394.
  • Mathias Wallenberg, 1997. Luxemburg unter nationalsozialischter Besatzung: Luxemburger berichten. Gesellschaft für Volkskunde in Rheinland-Pfalz. Studien zur Volkskultur in Rheinland-Pfalz, Bd. 22, 297 S. ISBN 3-926052-21-X. BNL Cote LB 23457.
  • Steinmetz, Jill: Die Wahrheit steht noch über dem Recht? - Die Verteidigungsstrategie von Dr. Max Rau im Prozess gegen Gestapo-Beamte vor dem Gerichtshof für Kriegsverbrechen im Großherzogtum Luxemburg (1949-1951),Kurtrierisches Jahrbuch 54 (2014), S. 379-397.
  • Steinmetz, Jill: Die Wahrheit steht noch über dem Recht? – Verlauf und Verteidigungsstrategien im Prozess gegen Gestapo-Beamte vor dem Gerichtshof für Kriegsverbrechen im Großherzogtum Luxemburg (1949-1951), in: Hémecht. Zeitschrift für Luxemburger Geschichte. transnational, lokal, interdisziplinär 65 (2013), H. 3, S. 341-344.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Originaltext am Kommentar vum Geriichtsuuerteel am Gestapoprozess nom Krich: ... weil dieser (W. Nolte) den unmenschlichen Plänen des Gauleiters Simon gegen die in Luxemburg ansässigen Juden nicht vorbehaltlos zustimmte.
  2. D'Haus ass haut op der Numero 34 an der rue de Crécy, do wou d'Strooss op d'Avenue Guillaume stéisst. No der Liberatioun vun der Stad Lëtzebuerg war an deem Haus de Sëtz vum C.I.C. (Counter Intelligence Corps) vun der 3. US-Arméi ënner dem Generol Patton.
  3. Mathias Wallenberg, 1997, S. 141.